Ouverture FindelClinic Dr. Wilmes a 5 weider Medezinner bidde Consultatiounen un

Raphaëlle Dickes
Vun e Méindeg u ginn an der FindelClinic éischt Patienten empfaangen. Och dee provisoresch suspendéierten Dr. Wilmes proposéiert hei Rendez-vousen.
© Domingos Oliveira

Si hate sech d’Ouverture vun der FindelClinic warscheinlech anescht virgestallt. Matten am Stuerm vun der Affär ëm den Dokter Wilmes, steet weder hien, nach säi Confrère a Matgrënner Dr. Alain Schmit, fir en Interview iwwer d’Ouverture zur Verfügung.

Der Websäit no hunn d’Consultatiounen e Méindeg ugefaangen. Vun Häerz-Stress-Test iwwer Rees-Consultatioun, Echographie vun der Schilddrüs oder den Halsgefässer bis zu Akupunktur - d’Offer ass breet gefächert. Online kann ee Rendez-vous huele bei sechs Dokteren: dräi Kardiologen, engem Generalist, engem Internist an eben dem Orthoped Dr. Philippe Wilmes.

Enn leschter Woch gouf jo public, datt d’Hôpitaux Robert Schuman de Contrat d’agrément mam Dr. Wilmes kënnege wäerten. Zanter dem 20. Januar schonn dierf den Orthoped net méi am Spidol operéieren. Dat well him virgeworf gëtt, onnéideg Knéi-Operatioune gemaach ze hunn. Reprochen, déi den Dr. Wilmes vehement ofstreit. Déi provisoresch Suspensioun vun den Hôpitaux Robert Schuman soll da lo eng definitiv ginn. Dat bedeit deemno och, datt de liberalen Dokter säi private Cabinet an den Hôpitaux Robert Schuman muss opginn.

Am Optrag vum Santésministère sollen dräi Experte bis Enn Abrëll déi presuméiert medezinesch Feeler vum Dr. Wilmes analyséieren an ee Rapport ofginn. Opgrond vun deem muss d’Gesondheetsministesch decidéieren, wéi et weidergeet. Den Ament dierf den Orthoped zwar nach Patiente gesinn, awer net operéieren.

FindelClinic - een ëmstriddene Projet

D’FindelClinic wär ee multidisziplinäre medezinneschen Zenter, ass op hirer Websäit ze liesen. Eng 15 Dokteren, virop Spezialisten, sollen hei an Zukunft interdisziplinär vernetzt matenee schaffen. Et géif sech net ëm eng Klinick handelen, dat haten den Dr. Schmit an den Dr. Wilmes am Hierscht am RTL Interview preziséiert. Zil wär et, den Accès zur Medezin ze verbesseren, grad wéi d’Vernetzung vun den Dokteren ausserhalb vun de Spideeler.

D’FindelClinic ass ëmstridden. Schonn eleng wéinst dem Numm, dee suggeréiert, et géif sech heibäi ëm ee Spidol handelen. Dee Gebrauch géif géint d’Spidolsgesetz verstoussen, hat de Collège Médical an engem Schreiwes am Hierscht kritiséiert an dobäi betount, datt deen Term fir Spideeler reservéiert ass.

Déi zwee Grënner Schmit a Wilmes hate sech jo an der Vergaangenheet als President a Vizepresident vun der Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD fir eng staark Liberaliséierung vun der Medezin agesat. Dat och mam Argument, Lëtzebuerg wär fir Doktere finanziell net méi attraktiv. Datt si fir de Projet vun der FindelClinic extern Investisseure wéi de Marc Giorgetti an de Bänker Marc Hoffmann mat u Bord geholl haten, stoung och an der Kritik.

Am RTL Interview hat d’Gesondheetsministesch Martine Deprez d’Nouvelle vun der FindelClinic awer relativ gelooss zur Kenntnis geholl. “Dat do ass en Immobilieprojet. Dat ass Location d’immobilier ou de mobilier, steet am Objet dran. Do brauch een elo net de Ministère z’informéieren, wann een esou eppes mécht.”

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO