RTL-Informatiounen noDr. Philippe Wilmes krut no Entrevue vun HRS-Direktioun gekënnegt

Roy Grotz
Claude Zeimetz
E weidere Coup d'Eclat gëtt et am Fall ëm de provisoresch suspendéierten Orthoped Philippe Wilmes, dee bis den 22. Abrëll keng OPen dierf maachen.
Den Dr. Philippe Wilmes als Invité um RTL-Plateau.
© RTL Lëtzebuerg

E weidere Coup d’Eclat gëtt et am Fall ëm de provisoresch suspendéierten Orthoped Dr. Philippe Wilmes, dee bis den 22. Abrëll keng Operatiounen dierf maachen.

Nodeems de Medezinner den 20. Januar provisoresch vum Spidolsgrupp “Robert Schuman” suspendéiert gi war, wier dem Dokter säi sougenannte “Contrat d’agrément” mam Spidol, RTL-Informatiounen no, opgeléist ginn. An deem Agrément sinn d’Konditioune festgehalen ënnert deenen déi liberal Dokteren an den Hôpitaux Robert Schuman schaffen an operéiere kënnen. Konkret heescht dat also, datt den Dokter Wilmes net méi an den Hôpitaux Robert Schuman operéieren a consultéiere kann.

D’Direktioun vum Kierchbierger Spidol hätt dës Decisioun, eisen Sourcen no, op Basis vu medezinesche Fäll geholl, déi beleeë géifen, datt dës Patienten net hätte missen um Knéi operéiert ginn. Dëst géif fir d’HRS-Responsabel e graven beruffleche Feeler an e gebrachent Vertrauensverhältnes duerstellen, wat zum Kënnege vum Agrément vum Dokter Wilmes gefouert hätt, deen op den Mäerz 2013 datéiert.

Den Affekot vum Dokter Wilmes, de Maitre Prum sot an enger éischter Reaktioun géintiwwer RTL, si wieren d’Nouvelle “mat groussem Entsetzen” aus der Press gewuer ginn. En offizielle Bréif, deen d’Resiliatioun vum “Contrat d’agrément” beleet, ass effektiv bis elo nach net eraus. D’Defense wëll elo mol drop waarden, déi genee Grënn vun der Kënnegung gewuer ze ginn an dann géif ee kucken, wéi ee sech dogéint géif wieren. Stand en Donneschdeg kéint een nach net soen, wat dem Philippe Wilmes genee reprochéiert gouf.

De Spidolsgrupp deelt den Donneschdeg den Owend awer schrëftlech mat, datt een den Dr. Wilmes schonn um Mëttwoch convoquéiert, informéiert a gehéiert hätt an datt decidéiert gouf, datt d’Zesummenaarbecht mam Dr. Wilmes net méi méiglech wier.

Den Affekot vum Dr. Wilmes iwwert dat weidert Virgoen an der Affär
Wann een d’Grënn vun der Kënnegung vum Agrément mat den HRS bis matgedeelt kréich, géif ee sech dogéint wieren, sou de Maître Prum.

D’temporär Suspendéierung vum orthopedesche Chirurg war schonn Uganks des Joer wéinst dem Precautiounsprinzip par rapport zu de Patiente geholl ginn.

Eng offiziell Stellungnam vun den Hôpitaux Robert Schuman gouf et en Donneschdeg net.

Parallel leeft um Niveau vum Collège médical eng disziplinaresch Enquête géint den Dokter Wilmes, iwwerdeem bis Enn Abrëll dräi Experten dermat chargéiert sinn, d’presuméiert medezinesch Feeler vum Dokter opzeschaffen an hire Rapport der Santésministesch Deprez ze ginn.

Béid Prozeduren lafen onofhängeg a separat vuneneen.

Back to Top
CIM LOGO