Invité vun der Redaktioun (25. Februar)Dr. Gérard Schockmel, Dokter an DP-Deputéierten

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Carine Lemmer

Eng onglécklech, delikat Affär, wou vill iwwer d’Form awer net iwwert de Fong public wier. Dat sot den DP-Deputéierte Dr. Gérard Schockmel am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien zu der Affär Wilmes, an där den Dokter onnéideg Knéioperatioune reprochéiert kritt.

E Probleem wieren d’therapeutesch Fräiheete vum Dokter. Den Dr. Schockmel fuerdert dogéint méi gemeinsam Standarden a Qualitéitskontrollen.

D’medezinesch Direktere an de Spideeler géingen dofir net duergoen. Et bräicht een eng reell Hierarchie, wéi mat engem “Oberarzt” oder “Chefarzt” , wéi am Ausland.

Och d’Weiderbildung vun den Dokteren misst verstäerkt a méi kloer definéiert ginn. Alles dat fuerdert den Dr. Schockmel fir méi Patiente-Sécherheet.

E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO