Steiererklärung maachenD'Prozedure solle vereinfacht, moderniséiert an digitaliséiert ginn

Claudia Kollwelter
Dat hunn de Finanzminister Gilles Roth an den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger op enger Pressekonferenz betount.
© Claudia Kollwelter

“Et muss een de Leit d’Steiererklärung sou einfach wéi méiglech maachen, virun allem mat Hëllef vun der Digitalisatioun an der kënschtlecher Intelligenz!” Dat huet de Finanzminister Gilles Roth betount, op där hien zesumme mam Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger erkläert huet, wat vun dësem Joer un, mee och doriwwer eraus ännert.

Aktuell maachen de Gros vun de Leit hir Steiererklärung nach ëmmer iwwert d’Pabeierform. Dovunner wëll een awer fortkommen. Zil ass et, datt bis 2028 85% vun den Deklaratiounen net just online gemaach ginn mee och mat enger elektronescher Assistenz iwwert den MyGuichet.lu.

An enger éischter Phas geet et ëm eng vereinfacht Steiererklärung

An deem Kontext ginn am Mäerz dëst Joer 20.000 Stéit ugeschriwwen a gefrot, ob se op dee Wee wëlle goen. Dat gëllt elo mol an enger éischter Phas fir Leit mat engem einfache Salaire oder enger Pensioun mat engem Minimum forfaitaire an déi och soss näischt ofsetzen. Bis Abrëll huet een dann Zäit ze decidéieren, ob een dat wëll maachen oder net, decidéiert ee sech dofir, kritt een am Mee eng Propositioun vu senger Steiererklärung geschéckt, déi een iwwerpréiwen an accordéiere muss. De Finanzminister Gilles Roth:

“Dat heescht, dass fir de Gros vun de Steierzueler, an dat si mer alleguerten, d’Steierverwaltung, opgrond vun deenen Daten, wou se Zougang huet, si d’Initiativ hëlt an de Leit eppes virbereet. A wann d’Leit dat fir richteg fannen - dat heescht, et ass net, et ass dat do elo, “Vogel friss oder stirb” - mee et ass eng Propositioun. A wann d’ Leit domat d’accord sinn, “vorgelesen, genehmigt und unterschrieben”, dann ass dat hir Deklaratioun.”

Et läit also an der Hand vum Steierzueler selwer, ob ee wëll matmaachen oder net, soss kann ee weider iwwert déi üblech Manéieren seng Steiererklärung maachen.

Déi zweet Phas soll dann fir all Steierzueler gëllen an de Leit Zäit an Aarbecht spueren. De Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Steierverwaltung ënnersträicht aner Avantagen vum sougenannte “Preremplissage”

“Et geet drëm, dem Steierzueler Aarbecht ofzehuelen, andeem verschidden Informatiounen, déi d’ Verwaltung schonn huet, och an där doter Steiererklärung mat ausgefëllt ginn. D’ Avantagë si villfälteg; De Steierzueler spuert d’Zäit, et gi Feeler reduzéiert, well Informatiounen erëmgeholl gi vu Joer virdrun. Et ass méi einfach fir de Steierzueler, fir dat ze kontrolléieren. Et ass effektiv eng Simplificatioun administrative, well de Contribuabel muss net oder muss manner Justifikatiounen eraginn, déi Elementer si schonn do.”

Dat Ganzt kann natierlech net vun haut op muer geschéien, well ee fir d’Sammele vun den Donnéeën zum Beispill vun de Banken an Assurancen d’legal Kadere muss adaptéieren. Den Datum vun de Formulairë fir d’Steiererklärungen ass iwwerdeens och geännert an op den Abrëll verréckelt ginn. Dat erlaabt et der Verwaltung, déi éischt 3 Méint vum Joer ze notzen, fir d’Donnéeë fir de Pre-remplissage ze sammelen a à jour ze setzen.

Vum Mäerz u leeft dann och eng Sensibiliséierungscampagne vun der Steierverwaltung mam Numm “Dir frot, mir äntweren”, wou si op verschidde Plazen uechtert d’Land de Leit Ried an Äntwert iwwert d’Changementer stinn.

De Finanzminister Gilles Roth huet op der Pressekonferenz och nach betount, datt hien der Chamber dëst Joer Propositiounen zu der Individualiséierung vun de Steieren wéilt maachen an hofft, e Konsens ze fannen.

Um Site vum Finanzministère kënnt Dir Är perséinlech Entlaaschtung ausrechnen.

Hei d’Schreiwes am Detail:

Transformation de l’Administration des contributions directes: «Mieux servir le citoyen avec des procédures plus simples» (16.01.2025)
Communiqué par : ministère des Finances / Administration des contributions directes

En date du 16 janvier 2025, le ministre des Finances, Gilles Roth, et le directeur de l’Administration des contributions directes, Jean-Paul Olinger, ont invité à une conférence de presse avec comme sujet: «Simplification des procédures et modernisation et digitalisation de l’Administration des contributions directes». À cette occasion, le ministre des Finances a souligné l’ambition du gouvernement de faciliter la vie des citoyens et des entreprises à travers, d’une part, une diminution de leur charge fiscale et, d’autre part, une réduction de la charge administrative avec une administration fiscale à l’écoute des contribuables.

Une nouvelle calculatrice fiscale sur le site du ministère des Finances

Le ministre a rappelé l’adaptation du barème d’imposition des personnes physiques de 4 tranches indiciaires au 1er janvier 2024 et l’entrée en vigueur du «Entlaaschtungs-Pak» avec une neutralisation supplémentaire de 2,5 tranches indiciaires au 1er janvier 2025. Des allègements fiscaux substantiels pour tous les contribuables.
Afin de permettre au citoyen de comparer sa situation fiscale 2024 avec celle de 2025, une calculatrice fiscale est disponible sur le site du ministère des Finances, également accessible via le lien www.manner-steieren.lu.

Accessibilité, simplification et digitalisation

Dans l’objectif d’être plus accessible pour le citoyen, l’Administration des contributions directes a déjà lancé le 18 novembre 2024 son Contact center, un service innovant pour une prise en charge rapide et un suivi optimisé des demandes des contribuables. Le déploiement intégral sera achevé d’ici la mi-2025.

L’Administration des contributions directes continue par ailleurs à améliorer son assistant électronique MyGuichet afin d’inciter plus de contribuables à remettre leur déclaration d’impôt en ligne. L’objectif consistera à aboutir à un taux d’environ 85% de déclarations déposées électroniquement.

Le mois de mars 2025 marque enfin le lancement de la déclaration d’impôt simple à destination des personnes physiques. Il s’agit d’une déclaration d’impôt pré-remplie par l’administration dans le plein respect des règles applicables en matière de protection des données. Si cette offre facultative (opt in) s’adresse, dans une première phase, à potentiellement 20.000 ménages ayant uniquement des revenus de type «salaire et pension» (et en l’absence de déductions hors minimum forfaitaire), elle sera progressivement étendue avec l’objectif de couvrir en 2028 100.000 déclarations d’impôt.

Le processus de digitalisation ne s’arrêtera pas là. Il concernera l’Administration des contributions directes dans sa globalité pour en faire une administration plus performante: son fonctionnement interne, le processus d’imposition, autant que les interactions avec les autres administrations.

Une simplification administrative dans l’intérêt des citoyens

«Nous sommes en train d’entreprendre une transformation majeure pour simplifier nos procédures, alléger les démarches pour les contribuables et faciliter leur interaction avec nos services. Nous allons accélérer la digitalisation pour traiter plus rapidement les dossiers simples afin de mieux traiter les dossiers complexes», déclare Jean-Paul Olinger, le directeur de l’Administration des contributions directes.

Et Gilles Roth de commenter: «La transformation de l’Administration des contributions directes n’est pas une fin en soi. À l’instar des allègements fiscaux, l’objectif doit consister à mieux servir le contribuable et le décharger au niveau administratif en exploitant le potentiel des nouvelles technologies. Les déclarations d’impôt pré-remplies mises à disposition des citoyens sur une base volontaire s’inscrivent pleinement dans cette démarche de simplification administrative dans l’intérêt des citoyens.»

Back to Top
CIM LOGO