Ënnert anerem sinn zu Déifferdeng an zu Koler Knëppelsteng gefall. An der Stad huet et iwwerdeems ganz staark gereent.

De CGDIS mellt an hirem Bulletin um Méindeg de Moien, dass zu Kënzeg e Sonndeg den Owend zwee mol de Blëtz ageschloen wier, wouduercher et zu Bränn koum. D’Pompjeeë vu Käerjeng waren am Asaz. Et gouf keng Blesséierter.