Luxinnovation setzt op KINei "AI Factory" soll Entreprisen ënnerstëtzen

Chris Meisch
Mat engem neie "Catalogue de services" kréien Entreprisë vun der Luxembourg AI Factory eng weider Struktur mat Servicen offréiert, fir KI besser ze verstoen a konkret an de Betriber ëmzesetzen.
© Chris Meisch

"Haut ass Innovatioun keng Optioun méi, mee eng Noutwendegkeet fir all Entreprise", seet de Wirtschaftsminister Lex Delles, bei Geleeënheet vum Bilan vu Luxinnovatioun, der nationaler Promotiounsagence fir Innovatioun, déi zejoert iwwer 1.000 Entreprisë begleet huet. Bei 85 Prozent dovun handelt et sech ëm kleng- a mëttelgrouss Betriber.

Luxinnovation & Luxembourg AI Factory - Reportage Chris Meisch

D'Agence Luxinnovation huet méi wéi 2.000 Demanden traitéiert, iwwer 560 Entreprisë mat konkrete Servicer ënnerstëtzt an et goufen iwwer 50 Milliounen Euro un europäesche Fonge fir d’lëtzebuergesch Ekonomie mobiliséiert.

Luxinnovatioun ass u sech de verlängerten Aarm vum Wirtschaftsministère, wann et ëm d‘Weiderentwécklung vun de Betriber geet, virun allem bei der Ëmsetzung vun neien Technologien, wéi zum Beispill KI. Vun dësem Joer u wëll Luxinnovation proaktiv virgoen, andeems si Entreprisen aktiv kontaktéieren, fir déi gréisstméiglech Unzuel un Entreprisen z‘erreechen.

De Mario Grotz, Direkter vu Luxinnovation, ass iwwerzeegt, datt d'kënschtlech Intelligenz d‘Businessmodeller vun den Entreprisë komplett wäert änneren.

"An do wäert et kaum eng Entreprise ginn, déi an Zukunft net d‘KI wäert hunn. Haut ass et wichteg, dass mir lues a lues d‘Entreprisen drop virbereeden, hinne weisen, wat sinn d‘Méiglechkeeten, an dann och hinne weisen, wat eventuell d‘Risike vun der KI sinn, well wann ee se benotzt, kann dat vill hëllefen, méi effizient ze ginn, mä et bedeit natierlech och verschidde Risiken, deenen ee sech muss bewosst sinn, éiert een dat ëmsetzt."

De Mario Grotz iwwert den Afloss vun der kënschtlecher Intelligenz
Den Direkter vu Luxinnovation ass iwwerzeegt, datt d'kënschtlech Intelligenz d‘Businessmodeller vun den Entreprisë komplett wäert änneren.

D’Luxembourg AI Factory ass eng zentral Plattform, entwéckelt vu Luxinnovation, déi Entreprisen zu Lëtzebuerg bei der Integratioun vu kënschtlecher Intelligenz ënnerstëtzt.

Als "Guichet unique" begleet dës Fabrik Betriber duerch déi verschidde Phase vun engem KI-Projet. D’Zil ass et, d’Adoptioun vun der KI an der Ekonomie z'acceleréieren an Entreprisen dobäi ze hëllefen, nei Technologië konkret bei hire Geschäftsmodeller ëmzesetzen. Am Mëttelpunkt steet de "Catalogue de services", eng strukturéiert Offer vun 80 Servicer, déi dëse ganze Prozess ofdeckt.

"Mir hunn dee Katalog esou strukturéiert, dass en och verständlech ass a mir en och den Entreprise kënnen erklären. Et geet net drëm, den Entreprisen déi 80 Servicen z‘erklären, mee et geet drëm, ze verstoen an den Entreprisen nozelauschteren, wat si brauchen, an a Funktioun vun hire Besoinen dann déi Servicer ubidden. Dann ass et nach ëmmer un der Entreprise ze decidéieren, wat fir ee Projet si wëllen ëmsetzen, mee op d'mannst hu si dann ee gutt Verständnis wat méiglech ass, a wat net méiglech ass."

Luxinnovation versteet sech net als klassesche Subventiounsapparat, mee éischter als Partner, deen Entreprisë mat de richtege Kontakter, Wëssen an Ënnerstëtzung zesummebréngt an hinnen hëlleft, Innovatiounsprojete méi séier an d’Praxis ëmzesetzen. Vun hire Servicer hu bis ewell virun allem kleng a Mëttel-Betriber, grad esou wéi och Start-ups profitéiert.

Back to Top
CIM LOGO