
Et géif sech ëm eng Franséisin an en Italiener handelen. Israel huet op en Neits eng ganz Partie Hëllefsbooter am internationale Gewässer gestoppt. Rieds geet vun iwwer 20, déi virun der griichescher Côte ënnerwee waren. Op engem vun deene Booter war och de 37 Joer ale Mann aus Italien, deen zu Lëtzebuerg wunnt. Dat haten déi Responsabel vum Lëtzebuerger Mouvement fir Gaza matgedeelt. Den DP-Ausseminister huet d'Virgoe vun Israel en Donneschden op der Chambertribün duerchaus schaarf kritiséiert a sot, et hätt een och géintiwwer den israeeleschen Autoritéiten insistéiert, dat internationaalt Recht misst respektéiert ginn. Och Däitschland an Italien hu gëschter en Appel un Israel gemaach d'Vëlkerrecht anzehalen.
Anescht wéi d'Lëtzebuergerin Nora Fellens Huberty, déi d'lescht Joer interceptéiert gi war wéi se mat der Global Sumud Flotilla ënnerwee war an duerno vun den israeeleschen Autoritéiten festgehale gouf, wieren den Italieener an déi aner Persounen all op Kreta bruecht ginn. Déi pro-palästinensesch Aktivisten hu wëlles, d'israeelesch Séiblockad vun der Gazasträif ze duerchbriechen an Hëllefsgidder an d'Konfliktregioun ze bréngen.
Frustréiert sot sech de Lëtzebuerger Ausseminister, datt et bis elo ënnert den Europäer keng Majoritéit gëtt fir Sanktioune géint Israel. Och Diskussiounen iwwert eng Eegeninitiativ mat der Belsch an Holland wier duerchaus komplex. Dobäi wier de Libanon amgaangen en "zweet Gaza" ze ginn, sou de Xavier Bettel.