
Groussbrand déi Säit der franséischer Grenz. Zu Montenach bei Sierck-Les-Bains ass d'Kierch verbrannt. D'Pompjeeë waren eigentlech wéinst engem Vegetatiounsbrand nieft der Kierch alertéiert ginn. Mä wéi d'Secouriste kuerz drop op d'Plaz koumen, hu si observéiert, datt et aus dem Kierchtuerm eraus gedämpt huet.
60 Pompjeeë waren op der Plaz, de Materialschued ass ganz héich an am fréien Owend war d'Feier nach net ganz aus. D'Église Saint-Cyriaque war um Enn vum 19. Joerhonnert gebaut ginn.
E gréisseren Artikel iwwert de Brand liest Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.