
D'Qualitéit vun de Lëtzebuerger Baachen a Flëss ass net gutt an deels esouguer schlecht. Dat ass scho länger gewosst an en Donneschdeg gouf an der Chamber op Initiative vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring nees iwwert dee Sujet diskutéiert.
Lëtzebuerg wäert seng Ziler fir dat nächst Joer, déi op d'EU-Wasserrahmenrichtlinie aus dem Joer 2000 zeréckginn, net erreechen. Dowéinst dreet nees eng finanziell Strof duerch d'Europäesch Unioun. Schonn an der Vergaangenheet hat de Grand-Duché gutt 6 Milliounen Euro musse bezuelen, well europäesch Virgaben am Beräich vum Ofwaasser net agehale gi waren.
Virun deem Hannergrond huet d'Joëlle Welfring kritiséiert, datt net genuch dogéint gemaach géing ginn, datt Närstoffer a Pestiziden aus der Landwirtschaft an d'Gewässer geroden.
"Laut Interviews wëllt weder d'Landwirtschaftsministesch nach Dir Här Minister op zousätzlech contraignant Reegele setzen, mee éischter op fräiwëlleg Moossnamen. Kuriéiserweis goufen all meng Proposen, fir am Sënn vum Waasserschutz déi finanziell Hëllef fir d'Baueren auszebauen awer vun der Landwirtschaftsministesch ofgeblockt. Ee Beispill dofir, ee Punkt op deem sech all d'Experten eens sinn, ass d'Ariichte vu Pufferzone laanscht d'Baachen, also fräi Fläche Land, déi net beaarbecht ginn."
Dofir géing et zwar ee Subsid ginn, dee wier awer ze niddreg.
Den Ëmweltminister Serge Wilmes, deen direkt vun der Joëlle Welfring ugeschwat gi war, huet déi Kritik iwwerdeems kloer zeréckgewisen.
"Wann d'Madamm Welfring hei gesot huet, d'Hëllefe fir d'Uwännersträifen, déi géifen net an d'Luucht gesat ginn, dat ass falsch. Well net méi spéit wéi d'nächst Woch huele mer ee Reglement grand-ducal un, wou d'Biodiversitéitsprimme grad fir d'Uwännersträife wäerten an d'Luucht gesat ginn."
Aktuell wier een och dobäi, ee véierte Waasserbewirtschaftungsplang auszeschaffen. De Serge Wilmes huet dann och nach d'Hoffnung, datt Lëtzebuerg um Enn awer keng Strof un d'EU wäert bezuele mussen.