
An der Abtei Neimënster koumen um 1. Mee d'Membere vum OGBL beieneen. D'Gewerkschaftspresidentin Nora Back huet kämpferesch Wierder un d'Regierung ronderëm de Luc Frieden geriicht an huet der CSV-DP-Koalitioun eng sozialfeindlech Politik virgeworf.
Virun der Ried huet d'OGBL-Presidentin den Zesummenhalt vun de Gewerkschafte betount a "kämpferesch Gréiss" eriwwer op Réimech geschéckt, wou déi nämmlecht Zäit den LCGB-President Patrick Dury seng Ried gehalen huet. Vum Gewerkschaftspresident gouf et dann och ee Videomessage un d'Membere vum OGBL an der Abtei Neimënster.
Den 1. Mee ass e Feierdag, ma nom "Feieren" wier dem OGBL dëst Joer net, esou d'Nora Back: "Säit 2,5 Joer si mir mat der salariatsfeindlechster Regierung aus de leschte Joerzéngte konfrontéiert." Kollektivverträg géife futti geschloe ginn, d'Pensioune verschlechtert an d'Sonndesaarbecht liberaliséiert ginn, fir just e puer ze nennen. D'Regierung wier am Camp vum Grousskapital, vum Patronat a vun den Immobilienhaien a si géifen "déi 70.000 Mindestlounempfänger an hir Famille mat Féiss" trëppelen.
Ma all déi Attacken hätten awer virun allem eent bruecht: d'Gewerkschaften ze stäerken. "Méi staark wéi jee sti mir haut hei", esou d'Nora Back virun de versammelte Membere vum OGBL an huet d'Zesummenaarbecht mam LCGB gelueft. "D’Unioun vun OGBL an LCGB ass déi eenzeg Äntwert op déi massiv Attacken. Just eng staark, kloer a gemeinsam Front kann dës Regierung stoppen."
De Mindestloun misst ëm 300 Euro eropgesat ginn an d'Rechespiller missten ophalen, esou d'OGBL-Presidentin un den Aarbechtsminister Marc Spautz geriicht: "Eise Camp weess, wat 1+1 gëtt. Haalt eis net fir domm. Hätt der Iech dat och getraut, wann d’Majoritéit vun de Mindestlounempfänger walberechtegt wären?" D'Logementskris huet si iwwerdeems als "näischt anescht wéi Staatsversoen" bezeechent. Et bräicht net nëmmen ee Loyersdeckel, ma och vill méi ëffentleche Wunnengsbau a staark Mesurë géint Spekulatioun, zum Beispill iwwer eng progressiv Leerstandssteier.
"Déi Insel vum Gléck, déi Lëtzebuerg mol eng Kéier war, ass et scho laang net méi. D’Verspriechen, dass et all Generatioun sollt besser goe wéi där virdrun, gëllt net méi", esou d'OGBL-Presidentin an huet domat virun allem de Premier Luc Frieden schaarf kritiséiert. Grad a Krisenzäiten - wéi elo mat de klammende Pëtrolspräisser am Kader vum Krich am Iran - bräicht et "keng technokratesch Verwaltung", ma "politesch Wäitsiicht".
Wéi wäit kéinte sech d'Leit zu Lëtzebuerg op d'Regierung verloossen, wann als nächst villäicht d'Kënschtlech Intelligenz Aarbechtsplaze géif a Gefor bréngen? Et bräicht ganz kloer een "New Deal" fir d'Land, deen Aarbechtsplazen a Pensioune laangfristeg ofséchert.
Sollt d'Regierungspolitik sech net änneren, sollt de Gesondheetssystem weider privatiséiert ginn, da wier ee prett, ee Generalstreik ze organiséieren: "Eis sécurité sociale, eis Gesondheetsversécherung ass eis dat wäert!"
De Premier Luc Frieden huet jo fir den 12. Mee eng Tripartite tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften annoncéiert, an och dozou hat d'Nora Back schonn eng kloer Ukënnegung: "Den 12. Mee weise mir der Regierung, dass d'Thema Mindestloun nach laang net giess ass bei eisem Meeting fir eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Schreift iech den Datum op!"