CGDISEng Rei Accidenter a Bränn uechter d'Land en Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg am Nomëtteg bis an de spéiden Owend era gouf et nees eng Rei Asätz fir d'Rettungsekippe vum CGDIS.
© Laurent Weber

Um 17:15 Auer gouf an der Bielesser Strooss zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert, hei waren d'Escher Secouristen an déi vu Suessem-Déifferdeng am Asaz.

Zwee Autoe hu sech dann an der Industriezon "Um Lënster Bierg" zu Jonglënster ze pake kritt, dat eng gutt Stonn méi spéit. Déi lokal Rettungsekippe hu sech mussen ëm eng blesséiert Persoun këmmeren.

E weideren Accident mat zwee Gefierer awer ouni Blesséierter gouf et géint 20:40 Auer zu Keel an der Téitenger Strooss. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Diddeleng an d'Pompjeeë vu Keel.

D'Secouristen aus der Stad an Nidderaanwen-Schëtter waren dann um 21:23 Auer an d'Rue de la Vallée zu Naihaischen geruff ginn, hei ass en Auto géint e Potto gerannt. Zu Schued koum awer keen.

Da waren d'CGDIS-Ekippen awer och wéinst enger Rei Bränn am Asaz:

Um 17:12 Auer hat et an der Rue Marie Carmes-Heffenisch zu Diddeleng op engem Balcon gebrannt, wou d'Secouriste vun Diddeleng a Beetebuerg geruff gi sinn. an der Rue de la Source zu Siren hat kuerz no 20 Auer e Kamäi gebrannt an zu Diddeleng an der Rue Gaston Barbanson war et kuerz virun 22 Auer e Feier an engem Gaardenhaischen. Zu Diddeleng waren déi lokal Pompjeeën op der Plaz, zu Siren déi vu Mutfert an Hesper.

Back to Top
CIM LOGO