
En Automobilist, deen ze vill gedronk hat, war géint 5:30 Auer tëscht dem Iergäertchen an dem Houwalder Tunnel an e Camper gerannt. De Camper ass ëmgefall a queesch iwwert d'Autobunn gerutscht bis en op der Säit leie bliwwen ass. D'Streck war mat Amenter komplett gespaart. D'Gefierer sinn antëscht ofgeschleeft, sou d'Police, mä well d'Leitplank nach muss gefléckt ginn, war eng Spuer e Freideg de Moien elo nach zou. Blesséiert gouf bei der Kollisioun keen.