Futtball: Coupe du PrinceD'Juniore vun Hueschtert wannen d'Finall 2:1 géint Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend stoung zu Beggen am Stade Henri Dunant d'Finall vun der Coupe du Prince tëscht de Juniore vun Hueschtert a Käerjeng um Programm.
© RTL

No enger iwwerzeegender Leeschtung vun Hueschtert am éischten Duerchgang ass et duerch Goler vu Leick an Nüssle mam Score vun 2:0 an d'Kabinne gaangen. An den zweete 45 Minutten huet Käerjeng den Drock erhéicht, Hueschtert huet awer laang defensiv wéineg zougelooss. Nom verwandelten Eelefmeter vum Lourenco kuerz viru Schluss ass et nach eemol spannend ginn, um Enn konnt Hueschtert dee knappen 2:1-Avantage awer iwwert d'Zäit bréngen.

Domat gewannen d'Juniore vun Hueschtert d'Coupe du Prince fir déi éischt Kéier an der Veräinsgeschicht.

Resumé vum Match

Hueschtert - Käerjeng 2:1
1:0 Leick (18'), 2:0 Nüssle (37'), 2:1 Lourenco (90', Eelefmeter)

Käerjeng war am Wanter an déi 1. Junioren-Divisioun opgestigen a war domat géint Hueschtert an der Favoritteroll. Ma d'Ekipp aus dem Gréngewald hat d'Saison zwar an der 3. Divisioun ugefaangen, steet awer elo nom Opstig am Wanter scho virum nächsten Opstig an déi iewescht Divisioun.

Um Wee an d'Finall vun der Coupe du Prince hat Käerjeng sech ënner anerem 6:1 géint Diddeleng behaapt an och Déifferdeng eliminéiert. Hueschtert hat sech ënner anerem géint de Racing a Péiteng duerchgesat.

Viru ronn 2.500 Spectateuren zu Beggen huet Hueschtert dee bessere Start an de Match erwëscht an hat fréi eng gutt Occasioun duerch de Leick, deen awer um Campos am Käerjenger Gol hänke bliwwen ass. An der 18. Spillminutt huet de Leick et awer du besser gemaach a konnt no enger schéiner Pass an d'Déift den 1:0 fir seng Faarwe schéissen. Et war an der Suite eng Partie mat wéineg Spillfloss, an där et a béide Strofraim kaum zu geféierleche Situatioune komm ass. Trotz méi Ballbesëtz huet Käerjeng sech géint eng kompakt Hueschterter Defense schwéier gedoen. Déi Gréng-Wäiss hunn iwwerdeems ëmmer nees probéiert, no Recuperatioune séier ëmzeschalten. No 37 Minutten huet de Ribeiro vun Hueschtert de Ball du mat enger Eenzelaktioun an de Strofraum bruecht, wou hien den Iwwerbléck behalen an op de Kapitän Nüssle eriwwergespillt huet, deen de Ball zum 2:0 iwwer d'Linn drécke konnt. Mat dëser verdéngter Féierung sollt et an d'Paus goen.

Nom Säitewiessel huet Käerjeng den Drock erhéicht an d'Hueschterter ëmmer weider hannendra gedréckt, kloer Occasioune sinn awer weider kaum dobäi erausgesprongen. D'Ekipp aus dem Gréngewald huet dogéint weiderhin op Konter gelauert an huet mat wéinege Kontakter de Wee an d'Déift gesicht, soudass de Campos e puer Mol huet missen agräifen. An der 65. Minutt hat de Lourenco déi bescht Käerjenger Chance, de Seligson am Hueschterter Gol konnt säin Ofschloss awer staark paréieren. An der 90. Minutt gouf de Schuster no engem Fräistouss am Hueschterter Strofraum gefoult. De Lourenco huet beim fällegen Eelefmeter d'Nerve behalen a konnt op 2:1 verkierzen, woumat et an der Nospillzäit nach eemol spannend gouf. Kuerz drop ass Hueschtert wéinst enger rouder Kaart fir de Ribeiro och nach déi lescht puer Minutten an Ënnerzuel geroden. Käerjeng ass bis zum Schluss drubliwwen an huet alles no vir gehäit, déi bescht Chance huet de Lima Andrade Cosmo awer aus kuerzer Distanz knapp iwwer de Gol geschoss.

Fir Käerjeng war et zanter der Fusioun déi 3. Finall an der Coupe du Prince. Béid Kéiere virdrun hate si sech den Titel geséchert. Hueschtert stoung dogéint fir déi éischte Kéier an der Finall.

Back to Top
CIM LOGO