Lokal LSAP confirméiertDe laangjärege Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg Gust Stefanetti ass dout

RTL Lëtzebuerg
Déi lokal LSAP-Sektioun deelt den Doud vum laangjärege Buergermeeschter e Freideg an de soziale Reseaue mat.
© RTL-Grafik

De laangjärege Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg Gust Stefanetti ass dout. Deemno hätt déi lokal LSAP-Sektioun déi traureg Nouvelle erreecht, dass hire Member e Freideg gestuerwe wär.

De Gust Stefanetti war vun 1982 bis 2016 am Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 war hien de Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg ginn. 2016 hat hien aus gesondheetleche Grënn demissionéiert.

Dat selwecht Joer gouf de Gust Stefanetti och zum Éierebuergermeeschter vun der Gemeng ernannt. D'LSAP verléiert domat e Member, deen seng Parteikaart schonn 1982 kritt hat.

Back to Top
CIM LOGO