Den nationale Concours bitt jonke Sciences-Begeeschterten d'Méiglechkeet, dem Lëtzebuerger Public hir eegen Aarbecht am Kader vun engem international unerkannte Concours ze presentéieren. De Christophe Hochard hat d'Geleeënheet, enger Nowuess-Fuerscherin iwwer d'Schëller ze kucken.
Wärend ville Wochen huet déi jonk Primanerin Mara Manieri all fräi Minutt genotzt, fir e Bléck duerch hire Mikroskop ze geheien. Si huet Waasserprouwen aus Weieren a Flëss geholl an dës analyséiert.
Wat fir eng Konsequenzen huet d'Piffen an Düngen op eist Waasser, wann ee weess, dass et vum 15. November u verbueden ass ze piffen an ze düngen? Dës pertinent Fro huet déi jonk Fuerscherin sech gestallt an ass der Saach op de Fong gaangen. Duerch d'ganzt Land huet d'Mara Manieri Prouwen aus Flëss an ënnert anerem och dem Stauséi geholl. D'Schülerin aus dem Dikrecher Kolléisch koum dobäi zu dëser Konklusioun.
18 Joer jonk ass d'Mara Manieri. Déi jonk Fra aus dem Préizerdaul wëll no der Première Medezin studéieren. Dass si haut fir hir wäertvoll Fuerschung e Präis gewonnen huet, mécht si ganz houfreg.
66 jonk Leit, tëscht 11 an 21 Joer hunn um nationalen Jonk-Fuerscher-Concours deelgeholl. Dëse gëtt iwwregens zanter 1971 all Joers vun der Fondatioun Jeunes Scientifiques organiséiert an huet als Zil, déi jonk Leit fir d'Sciencen ze begeeschteren.
D'Mara Manieri hat vill Prouwe gesammelt. Sou ass eng déifgräifend Recherche zesummekomm, déi dem Jury gutt gefall huet.
Nach bis Mëtt Februar 2021 kann ee sech fir de Concours vum nächste Joer umellen. D'Mara Manieri fir hiren Deel ass jiddwerfalls frou, un dëser Experienz deelgeholl ze hunn.