Et wier eng hefteg AussoD'Laura Zuccoli kritiséiert de Léon Gloden um Punkt vun den ukrainesche Flüchtlingen

Fanny Kinsch
D'Laura Zuccoli kritiséiert och de Gesetzprojet vun der Regierung, mat deem den europäeschen Asyl- a Migratiounsplang soll ëmgesat ginn.
D'Laura Zuccoli am RTL-Studio
© Annick Goerens / RTL-Archiv

Et wier net um Léon Gloden ze decidéieren, wien an de Krich soll goen a wien net. Esou heescht et vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot no Aussoe vum Inneminister e Freideg de Moien hei op der Antenn. Dem Minister seng Aussoen a seng Politik stoussen op Kritik.

Flüchtlingsrot kritiséiert Inneminister - Reportage Fanny Kinsch

“Et ass komesch, datt mir op der enger Säit d’Ukrain massiv ënnerstëtzen an déi Leit, déi da fir d’Ukrain solle kämpfen, dann eben an déi verschidden EU-Memberstaate kommen”, esou den CSV-Inneminister Léon Gloden e Freideg de Moien am RTL-Interview. Eng hefteg Ausso, fënnt d’Laura Zuccoli vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. “Mir schécke Suen a mir sollen d’Leit sech dann do erschéisse loossen. Bon, mir gi jo selwer net dohinner. Mir géifen dat jo warscheinlech och net wëlle maachen. An dofir fannen ech, dat ass natierlech eng hefteg Ausso.”

D’Laura Zuccoli kritiséiert och de Gesetzprojet vun der Regierung, mat deem den europäeschen Asyl- a Migratiounsplang soll ëmgesat ginn. D’Vulnerabilitéit vun de Leit sollt zwar vun enger onofhängeger spezialiséierter Instanz festgestallt ginn…: “Et ass awer nach ëmmer d’Direction d’immigration déi d’Wuert huet an déi d’Decisioun hält. A mir fannen awer och, dass do misst, wann en Avis wär vu Vulnerabilitéit, dass dat dann och, respektiv misst am Fong u gëllen an net, dass da gesot gëtt, jo mir kucken eis dat awer nach eng Kéier un.”

D’lescht Woch hat den Inneminister Léon Gloden engem Flüchtling de Statut oferkannt, deen als Verdächtegen an enger Messerpickerei an Untersuchungshaft sëtzt. An den Ae vun der Laura Zuccoli hätt de Minister mat där Decisioun solle waarden. Wann eng Gefor fir d’Ëffentlechkeet do wier, kéint eng Persoun jo an de Prisong kommen. “Mee engem säi Statut ewech huelen, virun dass d’Geriicht decidéiert huet, ob hien da lo fir tatsächlech eng Strof verdéngt a wéi héich déi Strof och ass, well dat huet jo och nach en Impakt, ass dat do am Fong géint de Prinzip vun der Présomption d’innocence.” De Minister selwer sot e Freideg de Moien zu senger Decisioun, seng Kompetenz léich am administrative Beräich an net am Strofrecht.

Back to Top
CIM LOGO