Et bleift derbäi. Lëtzebuerg wäert och weiderhi keng Plainte géint Däitschland virum Europäesche Geriichtshaff wéinst de Grenzkontrolle maachen, dat sot e Freideg de Moien den CSV-Inneminister Léon Gloden als eisen “Invité vun der Redaktioun” um Radio. Dës Woch hat den däitschen Inneministère annoncéiert, datt d’Kontrollen op den däitsche Grenze fir sechs weider Méint bis September verlängert ginn. Hie wier de 14. Februar per Courrier doriwwer informéiert ginn, sou de Léon Gloden. Op Vältesdag hätt hie scho “méi léif Libeserklärunge” kritt. Mä och wann déi däitsch Regierung bis elo net op e gelauschtert hätt, géif Lëtzebuerg trotzdeem weider fir d’Saach kämpfen. Ëmmerhin hätt ee punktuell Verbesserungen am Dialog duerchgesat kritt. Zum Beispill, datt keng Kontrolle méi op deene klenge Grenze wieren. An den Drock géif och ëmmer méi héich. Och vun aneren Nopeschlänner vun Däitschland wéi Éisträich zum Beispill, déi hir Kontrollen antëscht opgehuewen hunn.
Nach ëmmer enttäuscht, seet sech den Inneminister vun der EU-Kommissioun. Déi hätt och 120 Deeg no de Lëtzebuerger Reklamatiounen nach ëmmer net geäntwert a géif domadder net hiren Aufgaben als “Gardienne vun den Traitéen” nokommen. Déi däitsch Grenzkontrolle wieren net “net legal an net legitim” well se net proportional sinn. Dat wéilt hien zu Bréissel nach emol am Mäerz rappeléieren.
Uganks des Joers huet de Léon Gloden de Gesetzprojet virgestallt mat deem den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt bis Juni zu Lëtzebuerg soll ëmgesat ginn. D’Oppositioun gesäit déi national Ëmsetzung kritesch well se méi wäit géif goe wéi déi europäesch Direktiv. D’LSAP huet dat e Méindeg nach emol op enger Pressekonferenz sou ausgefouert. De Léon Gloden léisst d’Reprochë vun de Sozialisten awer net gëllen. D’LSAP hätt “net de Monopol vum Häerz”, huet de Léon Gloden um Radio gemengt, dee jo déi nei Ausriichtung vun der Immigratiounspolitik zanter dem Ufank vun der Legislatur “mat Häerz a Verstand” betitelt. An hie géif feststellen, datt och de Verstand d’Sozialisten an deem Beräich verlooss hätt. Ëmmerhi wier den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt nach an der Zäit vum LSAP-Ausseminister Jean Asselborn verhandelt ginn. An enger Zäit, wou hien nach guer net Minister gewiescht wier.
Lëtzebuerg wier, wat d’Gestioun vun der Immigratioun betrëfft, “ënnert de Virzeigelänner”, huet eisen “Invité vun der Redaktioun” e Freideg de Moie betount. De Léon Gloden léisst och d’Kritik net gëllen, de Grand-Duché wier bewosst méi restriktiv fir en Zeechen ze setzen. Déi nei Prozedur fir Mineuren, déi ouni Elteren op Lëtzebuerg kommen, géif explizitt op Demande vun der Unicef an dem Okaju (Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher) iwwerhaapt mol agefouert. Et wier also “carrément falsch” wa behaapt géif, Schwaarz-Blo géif d’Mineuren net respektéieren.
Ugeschwat op d’Konsequenze vun enger Messerpickerei am Garer Quartier an d’Stad d’lescht Woch wéinst där de Léon Gloden dem presuméierten Täter säi Flüchtlingsstatut oferkannt huet, nach ier e rechtskräfteg verurteelt ass, sot de Minister, datt d’Onscholdsvermuddung e grousse Prinzip am Strofrecht wier. Seng ministeriell Kompetenze léichen awer am administrative Beräich. Leit, déi bei eis kommen, misste kënnen all legal Moyene vum Rechtsstaat ze spiere kréie wa se, sou wéi hei, een nidderstiechen. De presuméierten Täter hätt den Ament och nach d’Méiglechkeet, fir géint d’Oferkennung vu sengem Flüchtlingsstatut an Appell ze goen. Fir den Ament ass de Mann nach zu Lëtzebuerg an Untersuchungshaft. Hie géif och hei zu Lëtzebuerg de Prozess gemaach kréien a misst d’Land dann duerno verloossen, huet de Léon Gloden erkläert.
Iwwert de Summer wieren, dem CSV-Inneminister no, wuel wéinst Adaptatioune bei der Arméi am Land, méi Ukrainer an de Grand-Duché komm fir eng sougenannte “protection subsidiaire” unzefroen. Dee spezifesche Schutzstatut fir d’Persounen aus der Ukrain, deen elo rezent nach vum Interieur, bis de 4. Mäerz 2027 verlängert gouf. Lëtzebuerg stéing op der Säit vun der Ukrain mä et wier “komesch” datt mir op der enger Säit “d’Ukrain massiv ënnerstëtzen an déi Leit, déi da fir d’Ukrain solle kämpfen, dann eben an déi verschidden EU-Memberstaate kommen”, sou de Léon Gloden. An déi Länner missten da kucken, wéi se d’Leit ënnerdaach kréien. Dee Constat géif iwwregens vu Frankräich an Däitschland gedeelt. “Wien, wann net d’Ukrainer selwer kënnen duerno hiert Land nees opbauen?” Dat huet de Minister um Enn vum Interview als Fro opgeworf.
E Freideg de Moien waren d’Grenzkontrollen heiriwwer an Däitschland Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.