Accident op der A6Direkt e puer Autoe waren an en Accident um Gaasperecher Kräiz verwéckelt, eng Persoun blesséiert

Andy Brücker
Den Accident huet an de Moiesstonnen e Mëttwoch fir Stau gesuergt.
© Domingos Oliveira

Géint 8 Auer war am Trafic-Info ze liesen, dass et op der A6 a Richtung Arel en Accident um Gaasperecher Kräiz gëtt, méi genee ënnert der Tramsbréck. Rieds war vun op d’mannst 5 Gefierer, déi an deen Accident verwéckelt waren. Zwou Spuere ware blockéiert an den Trafic ass iwwert d’Opfaartsspuer gelaf. Bis zu 6 Kilometer Stau goufe gemellt, dee sech ënnert anerem och op d’A3 gezunn hat.

Kuerz no 9 Auer koum Entwarnung, den Accident wier geraumt.

Wéi de CGDIS am Laf vun e Mëttwoch de Moie preziséiert huet, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Am Asaz war de Stater Samu-Noutdokter souwéi d’Stater Rettungsdéngschter an d’Ambulanciere vun Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO