
No enger gréisserer Kläpperei bei der "Aaler Seeërei" zu Dikrech wéilt een zesumme mat der Police kucken, wéi d'Videoiwwerwaachung um Site ka verbessert ginn. Dat seet den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler a weist sech schockéiert vun der Brutalitéit vun där Dot. No der Kläpperei de virleschte Weekend schwieft d'Affer nach ëmmer a Liewensgefor.
Als Buergermeeschter géing hien aktuell reegelméisseg op dee schlëmme Virfall ugeschwat ginn. D'Leit géinge sech Suerge maachen. "Ech muss soen, ech hu verschidde Biller gesinn", esou nach de Buergermeeschter am Interview. An hie wier schockéiert iwwert deen Akt. "Ech hunn esou eppes nach ni gesinn, ausser vläicht a Filmer." Als Gemengepapp géing hien awer versichen, d'Leit ze berouegen, dat wier zu Dikrech en exzeptionelle Fall an op kee Fall d'Reegel.
No deem schlëmmen Tëschefall huet de Schäfferot awer decidéiert, mat der Police Kontakt opzehuelen. Och wann um Site vun der Aler Seeërei scho Video-Surveillance ass, wier dat awer net an all Deel vum Site. "Wann d'Leit wëssen, dass et videoiwwerwaacht ass, da kann dat och ofschrecken."
A wann et zu esou Kläppereie kënnt, wier et wichteg, sech déi néideg Moyenen ze ginn, fir dat herno och kënne richteg opzeklären. Wat de rezente Fall ugeet, géingen d'Ermëttlungen nach lafen, esou nach de Charel Weiler. "Ech hunn do Confiance an eis Justiz, dass si déi Leit do identifizéieren, an dass si zur Rechenschaft gezu ginn. Well esou Doten dierfen net ouni Konsequenze bleiwen."
An engem Zeienopruff hat d'Police dës Woch Privatleit, déi mat hirem perséinlechen Handy Fotoen oder Videoe gemaach hunn, gebieden, se den Ermëttler zur Verfügung ze stellen. Dofir hat d'Police och eng extra Upload-Plattform matgedeelt.