
D'leschte Sonndeg, den 19. Juli ass et zu Dikrech an der Géigend vun der "Aaler Seeërei" zu Dikrech zu enger gréisserer Kläpperei komm. Wéi d'Police matdeelt, hätten hei, éischten Informatiounen no, ronn 15 bis 20 Persounen op eng aner Persoun ageschloen. D'Affer huet schwéier Blessuren dovugedroen a schwieft aktuell a Liewensgefor.
D'Police judicaire sicht nom Tëschefall no relevanten Informatiounen iwwert d'Dot selwer respektiv zu Verdächtegen. An deem Kontext ginn ënner anerem Privatpersounen, déi mat hire perséinlechen Handyen Fotoen oder Videoe vun der Dot oder de presuméierten Täter gemaach hunn, gebieden, dës Opnamen der Police iwwert eng eegens dofir geduechten Upload-Plattform zur Verfügung ze stellen. Dëst ënnert folgendem Link: https://upload-police.public.lu/apps/forms/embed/BEYjggjFK2oTZLmH479wya8b
Alleguer déi aner relevant Informatioune sollen op d'Mailadress spj.ip-info@police.etat.lu geschéckt ginn.