Researchers at School"Die Welt ändert sich zu schnell, um mit dem Lernen aufzuhören"

Christophe Hochard
100 Fuerscherinnen a Fuerscher si bis den 13.Mäerz an engen 22 Lycéeën ënnerwee, fir de Jonken ze weisen, wéi an u wat si deeglech schaffen.
Researchers at School
100 Fuerscherinnen a Fuerscher si bis den 13.Mäerz an engen 22 Lycéeën ënnerwee, fir de Jonken ze weisen, wéi an u wat si deeglech schaffen.

Tëscht dem 9. an dem 13. Mäerz gëtt vum Fonds National de la Recherche déi 16. Editioun vu “Researchers at School” organiséiert. Chercheure vum FNR a vun der uni.lu kommen an d’Lëtzebuerger Lycéeën a ginn de jonke Leit en Abléck an hir deeglech Aarbecht.

Op dës Manéier gëtt ee gewuer, wat mat de Sue geschitt, déi an d’Recherche gestach ginn. Anersäits gesinn d’Schülerinnen a Schüler, a wat fir eng Richtung si no der Première studéiere kéinten. Déi jonk Léit kréien esou och d’Chance ze gesinn, u wat zu Lëtzebuerg gefuerscht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO