Den EU-Kommissär fir Defense an Raumfaart Andrius Kubilius ass op Visitt zu Lëtzebuerg. Hien huet un enger GovSat-Konferenz deelgeholl, ma och eng Visitt vun der SES a sou munch politesch Entrevue stoungen op sengem Programm.
No där mat der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes war eng Pressekonferenz. D‘Ambiance war harmonesch, bei den Interviewen duerno gouf awer däitlech, dass si net bei allem komplett d‘Accord matenee sinn.
Ouni sech kloer ze positionéieren, huet och den EU-Kommissär fir Defense Andrius Kubilius sech zu der Debatt, ob ukrainesch Männer solle Schutz zu Lëtzebuerg oder an der EU sichen, amplaz an hirem Land ze kämpfen, geäussert.
“Déi bescht Äntwert wär: Fridden an der Ukrain. Da kéimen all d’Ukrainerinnen an d’Ukrainer zeréck, fir hiert Land opzebauen. Fir de Fridde musse mir d’Ukrainer genuch ënnerstëtzen a mir maachen och vill. Ma net d’Ukrainer mussen eis Merci soen, mä ëmgedréint, well si verdeedegen wéi Helden och eis. Mä véier Joer Krich hu grouss sozial Konsequenzen.”
Hie kéint kengem et verdenken, deen d’Land géif verloossen. Virop den Inneminister Gloden, mä och d‘Verdeedegungsministesch Backes a méi nuancéiert den Ausseminister Bettel haten ze verstoe ginn, dass si der Meenung sinn, dass jonk ukrainesch Männer eigentlech an der Ukrain hëllefe sollten. Dem Kommissär seng Aussoe versteet d‘Yuriko Backes awer net als Kritik.
“Elo ass Krich an et ass ganz verständlech, dass et Leit ginn, déi hiert Land wëlle verdeedegen. Ech géif et och maache fir mäi Land. Et ass awer och ze verstoen, dass et Leit gëtt, déi net wëllen do bleiwen. Am Ufank waren dat jo haaptsächlech Fraen a Kanner, déi mir och hei zu Lëtzebuerg mat oppenen Äerm ugeholl hunn. Elo ass Wanter an et ass en extrem kale Wanter an der Ukrain. Ech gesinn et als absolutt mënschlech, dass do Leit hiert Land wëlle verloossen.”
Grotéin also vun der Verdeedegungsministesch Backes zu deem Thema. Méi kloer war si beim Thema europäesch Arméi, e Projet, deen den EU-Kommissär Kubilius schonn explizitt virundreiwe wëll, fir den eventuelle Vide fir d‘Sécherheet vun Europa ze fëllen, deen d‘USA ënnert dem Trump riskéieren ze hannerloossen. Fir d’Yuriko Backes huet eng europäesch Arméi den Ament keng Prioritéit bei den europäeschen Defenseministeren.
“Well mir den Ament op ganz anere Saache schaffen ewéi fir eng europäesch Arméi. Ech perséinlech fannen et eng Iddi, déi een net soll aus den Ae verléieren. Et ass och keng ganz nei Iddi. Op engem klengen Niveau schaffe mir jo schonn drun, fir eis besser ze koordinéieren. Bei den Arméie si mir kloer an nationale Kompetenzen. Mä mir kucken, fir besser zesummenzeschaffen, ob via EU-Kampf-Gruppen oder och um binationalen Niveau, wou mir Lëtzebuerger mat der Belsch jo e binationale Kampfbatallioun am gaange sinn, op d‘Been ze stellen. Dat alles ass jo eng kleng Versioun vun enger europäescher Arméi. Woubäi mir vun enger richteger europäescher Arméi nach ganz wäit fort sinn.“
Aktuell géif un esou eng Projet net intensiv geschafft ginn, esou d‘Yuriko Backes. Dofir awer op aneren Niveauen am Sënn vun der europäescher Defense.
“Integréiert europäesch Industrie ass eppes, dat d‘Europäesch Kommissioun och mat Programmer ënnerstëtzt. Ech mengen, dat wäerten och Lëtzebuerger Entreprisen interessant fannen.”
Lëtzebuerg ass e kléngt Land, dat am Weltraum awer grouss ass, sot d’Yuriko Backes. An effektiv gouf et vill Luef vum EU-Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Contributioun a Saachen Defense, an der Haaptsaach am Beräich Satellitten. Luxeosys a GovSat2 wäre wichteg an dichteg Projeten. An d’SES, déi hien och besicht huet, géif eng excellent Aarbecht maachen, esou den Andrius Kubilius, deen iwwregens aus Litauen kënnt.