Méi Koherenz am FondamentalMedien, KI an "Education affective et sexuelle" ginn Thema an der Grondschoul

Annick Goerens
Den Educatiounsminister Claude Meisch hat den neie Léierplang schonn Ufank Februar dem Public presentéiert. En Dënschdeg war et un den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberkommissioun, hir Froen ze stellen.
© René Pfeiffer, Chrisophe Hochard

D’Grondschoulen zu Lëtzebuerg kréien een neie Léierplang. Virop gouf et vill Luef fir de Plang, dee sech gutt géing un déi nei gesellschaftlech Realitéiten upassen. Gréissten Neierung si siwen transversal Sujeten, déi an der Schoul sollen thematiséiert ginn. Dat awer net duerch nei Fächer, mee am Cours vun deene Fächer an Aktivitéiten, déi et scho gëtt. Dat war eng vun de Prezisiounen en Dënschdeg de Moien.

Neie Léierplang fir d’Grondschoul gouf presentéiert - Reportage Annick Goerens

Ënnert deenen neie Sujete sinn zum Beispill Medien a Kënschtlech Intelligenz, “Education affective et sexuelle” oder nach “Education financière”. De Claude Meisch:“Do hu mer och haut scho ganz flott Projete gehat. Mee eppes huet gefeelt, dat ass d’Verbindlechkeet. An duerch d’Integratioun an de Plan d’études kréie mer och déi Verbindlechkeet, dass et net just um Enseignant oder un der Enseignante läit, ob eng Klass dann dat Thema méi mécht oder bei engem Projet matmécht oder net matmécht. Mee dass et wierklech eng Obligatioun ass, dass een dat am Laf vu senge Joren och gesäit.”

Den CSV-Deputéierte Paul Galles begréisst wéi all déi aner Deputéiert d’Aarbecht, déi gemaach gouf, wollt awer wëssen, firwat ee sech net och e Beispill u Skandinavien geholl huet, déi an all den internationalen Etüde wäit vir leien: “De Virdeel vun de Kanner an deene Länner ass, dass se fréi Empathie léieren. [...] Wou kënnt dat Theema vun der Empathie, vum Zesummeliewen als Mënschen, awer och vun dem typesch mënschleche vis-à-vis vun der Technologie oder der KI, wou kënnt dat an dem transversalen Theema genau vir?”

De Claude Meisch: “Bei Empathie fale mer eng ganz Rei vu Fächer an. Vie et société ënner anerem mat zwou Wochestonnen. Wou et jo awer drëms geet, seng Plaz, säi Liewen, seng Plaz an der Gesellschaft, an der Communautéit ze fannen an ze verstoen. Wie sinn ech? Wat sinn ech? Wéi sinn ech mat deenen aneren?”

Aktuell gëtt och un engem neie Plan d’études fir de Secondaire geschafft. Dozou eng Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener: “Ech weess, dass och Participantë [vu participative Reuniounen am Virfeld, ndlr] ugeschwat hunn, dass et am Fong un engem roude Fuedem feelt vu Kanner vun dräi (Joer) bis herno d’Première soe mer mol. Wou gëtt dat da gemaach?”

Den Direkter vum Script Luc Weis: “Dir hutt et e roude Fuedem genannt, ech géing et Kohärenz nennen. Et ass wichteg, dass Kohärenz ass vu ganz kleng bis bei déi Grouss an dass et openeen opbaut. An et ass och genau dat, wat mer an dem zweete Consultatiounsprozess [fir den neie Plan d’études am Secondaire, ndlr] wëllen an de Mëttelpunkt stellen. [...] Mee t’ass kloer, dass et muss opbauen op deem, wat aus dem Fondamental kënnt. Dat heescht, wa mer bei de Sproochen op engem Niveau B1 erauskommen, kënne mer net op engem C2 ufänken. Dat mécht kee Sënn. Dat ass net kohärent.”

Deen neie Léierplang fir d’Primärschoul gëtt scho vun der nächster Rentrée un an de Cyclen 1 an 2 agefouert, d’Cyclen 3 a 4 sinn d’Joer drop drun. 16 Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Méint fir d’Enseignanten uechter d’Land organiséiert.

Dee neie Léierplang soll iwwregens dëse September iwwer eng digital Plattform lancéiert ginn. Dat ass virop fir d’Léierpersonal geduecht, mee och fir all déi aner Bierger accessibel.

Back to Top
CIM LOGO