Mouvement écologique De Mouveco mécht Recours am Dossier Google, déi zu Biissen en Datazenter wëlle bauen

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg geet déi ëffentlech Consultatioun am Kader vun enger Etüd op en Enn, déi soll etabléieren, wéi eng Auswierkungen de Projet op d‘Ëmwelt huet.
© RTL

De Mouveco kritiséiert virop, datt déi aktuell Gesetzer net agehale géifen, well wesentlech Donnéeën zur Energie-Consommatioun an iwwert de Killsystem, ënnert dem Virwand vu Betribsgeheimnisser, zeréckgehale géifen. Derbäi kéim den enorme Stroumverbrauch an datt sollen Dieselgenerateuren agesat ginn, amplaz vun nohaltege Batterien.

De Mouveco fuerdert deemno, d‘Prozedur komplett z‘annuléieren. Sollt de Mouvement écologique Recht kréien, kéint Google forcéiert ginn, de Projet komplett z‘iwwerschaffen, respektiv déi ganz Prozedur kéint zolidd an d‘Längt gezu ginn.

PDF Recours Google
Liest hei de Communiqué zum Recours vum Mouveco.

Back to Top
CIM LOGO