EvenementielDe ganze Secteur ass an enger schwiereger Situatioun

Monica Camposeo
Grouss Fester mat ville Leit - also genee dat wat elo an dëser Phas vun der Pandemie net méiglech ass - ass d’Kärgeschäft vun dëser Branche.
Evenementiel: De ganze Secteur ass an enger schwiereger Lag
Grouss Fester mat ville Leit - also genee dat wat elo net méiglech ass - ass d’Kärgeschäft vun dëser Branche.

Sech adaptéieren ass de neie Mot d’ordre am Horesca-Secteur. Dat hu mir en Dënschdeg vu verschiddene Restaurateuren héieren. Méi schwéier, fir sech unzepassen, huet et awer de Secteur vum Evenementiel. Grouss Fester mat ville Leit - also genee dat, wat elo net méiglech ass - ass d’Kärgeschäft vun dëser Branche. D’Monica Camposeo huet sech eng Plaz ugekuckt, wou normalerweis suergefräi bis an d’Nuecht zesumme gefeiert gëtt. Fir dëst Joer gëtt sech dat an der Branche vum Evenementiel awer net méi erwaart.

De Patrick Le Meur schafft schonn 20 Joer laang am Evenementiel. Hie weess, wéi hie fir seng Clienten eng agreabel Zäit schaaft. Fir dëst Joer gouf d’Feieren awer op Äis geluecht.

„Leider goufen dëst Joer déi meeschten Hochzäiten op d’Joer 2021 verluecht, verschiddener goufen och ganz annuléiert. Mir hate Chance, dass mir 2 Hochzäitsfeieren am September konnten organiséieren. Do hate mer och Chance mam Wieder an d’Gäscht konnten dobausse vun der Terrass profitéieren. Do ass et dann och méi einfach, d’Mesuren ëmzesetzen an d‘Distanz ze halen zum Beispill.“

Am Summer war et nach méi einfach sech unzepassen, och wa Masken a Gel zu enger 2020-Hochzäit dobäi gehéieren. Fir d’Wanterméint par conter leen de Virus an déi zousätzlech Restriktiounen dem kollegialen Zesummesinn e neie Koup Steng an de Wee: „Wann d’Gäscht elo um 22:30 oder 22:45 scho musse goen, dat ass awer komplizéiert. Ech denken, dass et dat eis nach méi schwéier mécht, fir Feieren z'organiséieren an en plus kënnt jo dobäi, dass d’Dëscher just vu 4 solle sinn. Dat mécht et eis immens schwéier.“

Dowéinst géing een elo versichen, sech op d’Relance ze konzentréieren. Déi aktuell Prognose soen: Gedold muss een elo hunn! „Ech denken, dass bis Mäerz/Abrëll sech net vill ännere wäert. Duerno schwätzt ee scho vun engem Impfstoff, dowéinst hoffe mir, dass de Summer besser gëtt. Do hu mer och ganz vill Reservatiounen, well esou vill Hochzäite verluecht goufen. An vu September un erhoffe mir eis, dass et da richteg nees lassgeet.“

An da soll alles nogeholl ginn, wat dëst Joer net konnt stattfannen, hofft de Patrick Le Meur. Fir déi lescht Méint vun dësem Joer leien d’Erwaardungen awer net besonnesch héich: „Den Ëmsaz am Evenementiel ass fir eis Null. Och wa mir nach puer Méint virun eis hu fir dëst Joer, en plus Méint, déi normalerweis voll si mat Betribsfeieren a Fester fir d’Feierdeeg, ass eise Kalenner den Ament komplett eidel. Dat heiten ass e verluerent Joer a puncto Ëmsaz am Evenementiel.“

Elo wier et fir d’Branche wichteg, positiv ze bleiwen, betount de Patrick Le Meur. An un der Hoffnung festzehalen, dass Feieren ni aus der Moud kënnt.

Back to Top
CIM LOGO