Cargolux vs. Covid-19D’Crewe musse flexibel a gedëlleg sinn

RTL Lëtzebuerg
Cargolux-Pilote fléie ronderëm d’Welt an der Course géint de Virus.
Cargolux vs. Covid-19
Cargolux Piloten fléie ronderëm d’Welt an der Course géint de Virus.

Déi 2.253 Mataarbechter sinn héich motivéiert, donieft goufen 20 Piloten zousätzlech rekrutéiert. D'Lëtzebuerger Frachtfluchgesellschaft spillt nämlech eng wichteg Roll an der Covid-19-Kris, an dat net just fir eist Land.

Fir datt d'Piloten trotz ënnerschiddlechste Restriktioune fléie kënnen, ass et awer en aussergewéinlechen, dagdeeglechen Challenge. Eng enorm Reaktivitéit a Flexibilitéit a Gedold gouf der ganzer Ekipp an de leschte Wochen ofverlaangt, fir datt d'Hëllef séier op d'Plaz kënnt, wéi den Executive Vice President Claude Zehren am Reportage am Magazin erkläert.

Back to Top
CIM LOGO