
An de Beräicher IT, Logistik, oder och Maintenance sollen dausende Mataarbechter an Indien oder a Polen transferéiert ginn. Och en Drëttel vun de Plaze bei ArcelorMittal Lëtzebuerg, eng ronn 1.100 Persoune, wiere concernéiert. An engem Communiqué präziséiert de Stolproduzent awer elo, dass dës Aarbechtsplazen net a Gefor wieren.
Et wier just d’Gesamtzuel vun de Leit, déi an deene Beräicher schaffen, déi elo am Kader vun den Ëmstrukturéierungspläng analyséiert ginn. Et soll sech hei also net schonn ëm e Resultat vun enger Etüd handelen, dës wier eréischt an enger Ufanksphas. Et präziséiert ee souguer, dass d’Analys a ville Fäll wuel weise wäert, dass eng Verlagerung kee Méiwäert hätt. Dëst géif, dat betount ArcelorMittal, och fir de Grand-Duché gëllen. D’Ausso, dass iwwert en Drëttel vun de Plazen a Gefor wieren, wier falsch.
Dës Pläng géifen och aktuell an der Stoltripartite diskutéiert ginn. D’Gewerkschaft LCGB hat am RTL-Moiesjournal op op d’Stoltripartite-Accorden verwisen. An an deene wiere Relokalisatiounen tabu.