ArcelorMittalVerlagerung vun Dausenden Aarbechtsplaze vun Europa an Indien

AFP, iwwersat vun RTL
Potenziell si méi wéi 5.600 Employéen an 20 europäesche Länner betraff.
© CHRISTOPH REICHWEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Den internationale Stolkonzern ArcelorMittal envisagéiert eng weider Verlagerung vun Dausende Aarbechtsplaze vun Europa an Indien. Bei enger ausseruerdentlecher Betribsversammlung huet d’Direktioun en Donneschdeg de Start vun enger “Analysephas” fir “eng massiv Verlagerung vu Support-Funktiounen (IT, Logistik, Maintenance asw.) an allen europäesche Filialen vum Konzern” an Indien ugekënnegt. Lescht Fréijoer hat ArcelorMittal Europa schonn eng éischte Kéier eng Well vu Verlagerunge bekannt ginn.

An engem Communiqué un d’Noriichtenagence AFP huet d’Entreprise erkläert, si géif “d’Méiglechkeet préiwen, de Projet fir d’Ëmgestaltung vun de Support-Funktiounen auszebauen, fir d’Aktivitéiten, déi aktuell op vill Standuerter an Europa verdeelt sinn, ze optimiséieren an ze standardiséieren“. Deemno si potenziell méi wéi 5.600 Employéen a 20 europäesche Länner betraff. ArcelorMittal no beschäftegt de Betrib ronn 48.500 Leit an Europa, dovun 9.100 an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO