Lescht Viraarbechte lafenD'Antennen zu Beidler gi mat Militärsprengstoff gesprengt

Claude Zeimetz
E Freideg de Mëtteg um 15 Auer verschwënnt ee Stéck Lëtzebuerger Radiosgeschicht.

E Freideg de Mëtteg um 15 Auer ginn d'Sendemasten zu Beidler gesprengt. Méi wéi 50 Joer hunn déi 290 Meter héich Masten d'Landschaftsbild vun der Gemeng Jonglënster gepräägt. Mat der Sprengaktioun e Freideg gi se a kierzter Zäit dem Äerdbuedem gläich gemaach.

Grousse Sécherheetsperimeter

Fir datt kengem eppes geschitt, zitt d'Ekipp ëm de Sprengmeeschter Arthur Feitenheimer e Sécherheetsperimeter an engem Ëmkrees vun 300 bis 500 Meter ronderëm d'Antennen. Dës Leit suerge ganz konkreet derfir, datt keen an den ofgespaarte Beräich erakënnt a stinn iwwer Funk déi ganzen Zäit mam däitsche Sprengmeeschter a Kontakt.

Gesprengt ginn déi rout-wäiss Masten oder besser gesot d'Halterunge vun de Seeler. An dat traditionell iwwer Kabel, dee verluecht gëtt mat Militärsprengstoff. Den Arthur Feitenheimer erkläert:

"Das ist ein hochbrisanter Sprengstoff, der zusätzlich mit Kupfer ummantelt ist. Diese Kombi und diese Geometrie verursacht bei der Detonation einen Plasmaschnitt, womit wir dann die Stahllaschen dann durchschneiden und durchtrennen, so dass die Seile gelöst werden und der Mast in die vorgegebene Richtung fallen wird."

D'Zündleitung, déi e Freideg gebraucht gëtt, ass 1,6 Kilometer laang.

Déi dräi Tierm solle matenee falen an déi ganz Aktioun dierft net all ze laang daueren. Leit, déi op d'Plaz kucke ginn, mussen natierlech de Sécherheetsperimeter strikt anhalen. Um 15 Auer kënnt Dir live bei eis am Stream op RTL.lu bei der Sprengaktioun derbäi sinn.

Lënster Antenne verschwannen och

Och déi historesch a symbolesch nach méi wichteg Tierm um Lënster Bierg ginn ofgerappt. Wéini ass awer nach net gewosst. Dat gefält och net jidderengem. Den DP-Gemengepapp weist Versteesdemech fir den emotionale Wäert, deen d'Antenne fir Leit aus der Géigend kënnen hunn. Ëmmerhin hätte se iwwer 50 Joer do gestanen. Vu Gemengesäit hätt een den Ofbau net kënne verhënneren, ënnersträicht de Lënster Buergermeeschter Ben Ries.

"Et ass esou, dass 2021 et eng Intentioun gouf, dee ganze Site ze klasséieren, dee komplette Site mat den dräi Tierm am Haaptgebai, mat allem, wat dozou gehéiert. De Gemengerot huet och deemools en Avis positiv formuléiert gehat zu deem Klassement, ausser zu den Déngschthaiser, déi sech do uewe befannen, dass een do keng grouss Valeur gesinn huet als Gemeng, op jiddefalls déi ze erhalen. Fir de Rescht, wéi gesot, en Avis positiv fir d'Klassement. De Proprietär ass awer déi Zäit géint dat Klassement virgaangen a krut och op dem Geriicht Satisfaktioun. Voilà, an dat hu mir ze respektéieren, wat do erauskomm ass."

Sprengung zu Lënster bis op Weideres verréckelt

D'Sprengung vun de Lënster Antenne war u sech fir Mëtt Dezember virgesinn. Den Datum ass awer lo bis op Weideres no hanne verréckelt ginn. Wat duerno op de Site vun den Antenne soll kommen, wier haut nach net genee gewosst, esou de Ben Ries. Bis Enn 2028 géingen eng ganz Rei Etüde gemaach ginn, fir ze kucken, notamment wéi d'Plaz mat Wunnenge kéint benotzt ginn. Dee Moment géing et da méi Kloerheet ginn, ob um Site iwwerhaapt ka gebaut ginn oder net.

Back to Top
CIM LOGO