Mann an UntersuchungshaftAlkoholiséierte Chauffer ouni Permis an trotz zwee Fuerverbueter ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Donneschdeg de Moien en Automobilist zu Éilereng gestoppt, deen direkt géint e puer Gesetzer verstouss huet.
Zu Éilereng gouf en Automobilist gestoppt, deen ze vill gedronk hat.
© RTL-Archiv

Wéi d'Police schreift, war enger Patrull géint 1:45 Auer an der Route d'Esch zu Éilereng en Auto opgefall, deen en aneren Auto mat héijer Vitess iwwerholl huet. D'Beamte konnten den Auto doropshin an der Suessemer Strooss stoppen.

Bei der Kontroll ass opgefall, datt de Mann wuel gedronk hat, wat och duerch en Alkoholtest confirméiert gouf. Donieft huet de Chauffer zouginn, kee gültege Permis ze hunn. Bei der Iwwerpréiwung huet sech erausgestallt, datt et schonn zwee Fuerverbueter géint de Mann gouf. Donieft waren de Contrôle technique an d'Steiervignette vum Auto ofgelaf.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum dee selwechten Dag nach virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO