No iwwer 50 Joer endgülteg SchlussSprengung vun den RTL-Maste live um 15 Auer

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 50 Joer hu si d'Landschaftsbild vun der Gemeng Jonglënster gepräägt. E Freideg géint 15 Auer verschwannen d'Maste vum Laangwelleradio.

Zanter 1972 steet zu Beidler d'Anlag mat de Sendemasten, fir de franséischsproochege Radiosprogramm vun RTL iwwer d'Laangwell a Richtung Frankräich ze diffuséieren. Virun dräi Joer gouf de Laangwellesender ofgeschalt an e Freideg de Mëtteg ass endgülteg Schluss fir déi 290 Meter héich Masten. Géint 15 Auer ginn déi stole Seeler, déi d'Masten an der Riicht halen, gesprengt. RTL iwwerdréit d'Sprengung am Livestream.

Méi Informatiounen zu der Sprengung an der Geschicht vun den RTL-Maste kënnt Dir an eisem Artikel noliesen:

Back to Top
CIM LOGO