
An der Nuecht op en Donneschdeg ass eng Policepatrull an der Rue de Bonnevoie op en Abroch opmierksam ginn. D'Beamten hunn e Mann observéiert, deen duerch eng futtisse Fënster aus der Aganksdier vun engem Buttek geklommen ass. D'Police konnt de presuméierten Täter, deen d'Täsche voller Mënz hat, kuerz drop stellen.
Bei der Kontroll op der Plaz hunn d'Beamten eng oppe Keess fonnt a konnten dës dem Besëtzer zeréck ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an an Untersuchungshaft bruecht.
Zu enger weiderer Festnam koumt et e Mëttwoch am fréien Owend zu Déifferdeng. E Mann hat an engem Geschäft e Rucksak a verschidde Béierdouse geklaut. D'Mataarbechter hunn den Déifstall allerdéngs bemierkt an de Verdächtege beim Verloosse vum Buttek gestoppt.
Bei den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt de Mann der Police net onbekannt war. Schonn am September war hie wéinst Déifstall festgeholl ginn. Och hei ass eng Festnam ordonéiert ginn. Den Täter gouf an Untersuchungshaft bruecht.