
Lëtzebuerg misst sech all Joer mat 600 Milliounen Euro an der internationaler Klimafinanzéierung bedeelegen, schätzt Action Solidarité Tiers Monde, Memberorganisatioun bei Votum Klima. Aktuell géing déi Contributioun awer bei ongeféier 64 Milliounen Euro d'Joer leien, bedauert den David Hoffmann vun der ASTM.
"Wat mir manner investéieren, wat mir manner mitigéieren, wat mer manner adaptéieren, wat déi Käschten ëmmer méi grouss ginn, well d'Schied ginn ëmmer méi grouss, d'Klimakris intensivéiert sech, dat heescht, all Moment, wou mer zécken, gëtt et duerno dann nach méi deier."
D'Strategie, fir bei der Klimafinanzéierung op privat Investissementer ze setzen, gesäit Votum Klima skeptesch - heefeg wieren déi Investissementer nämlech do néideg, wou se net rentabel wieren.
"D'Klimaadaptatiounsprojeten, Renaturéierung, eng resilient Agrikultur, déi net op High-Tech-Technologien zum Beispill baséiert, dat sinn alles Saachen, wou et bal keng Renditter drop gëtt. Inclus a ganz vulnerabelen aarme Länner z'investéieren, dat ass extrem onstabel, do ass en extrem héije Risiko."
Lëtzebuerg hätt sech virun ongeféier 10 Joer engagéiert, ëffentlech ze maachen, wéi vill Subventiounen nach a fossil Energie ginn an ze soen, wéini déi Hëllefen ofgeschaaft ginn - dat misst endlech gemaach ginn, esou den David Hoffmann vu Votum Klima.
Och d'Klima-Jugenddelegéiert vum Jugendrot hu sech Gedanken iwwert d'staatlech Subventioune vu fossillen Energie gemaach - déi Sue misste genotzt ginn, fir sech op de Klimawandel ze preparéieren, esou déi jonk Delegéiert Josephine Loschetter.
"Fir dass dann d'Suen, déi vum Staat kommen, fir dass déi dann och benotzt ginn, fir zum Beispill de Risiko méi kleng ze halen, fir a verschiddene Länner z'investéieren, fir dass mer dann och méi Privatfinanzéierung kënnen dohinner dreiwen."
Déi Jonk sinn also méi optimistesch, wat d'Unzéie vu privaten Investissementer ugeet, wéi Votum Klima
Och d'Revenuen aus dem europäeschen CO2-Grenzausgläichmechanismus misste fir d'Klimafinanzéierung an deene Länner genotzt ginn, déi sech se selwer net leeschte kënnen.
Donieft fuerderen déi Jonk, dass d'Schoulen zu Lëtzebuerg mat Solaranlagen a Wäermepompelen equipéiert ginn. Den Delegéierten Alexander Feil:
"Wat mir ganz konkret gemaach hunn, mir sinn op Google Maps gaangen an hu gekuckt, wéi eng Schoulen hunn um Daach Solarpanneauen. Am Athenée gëtt et dat, hei op der europäescher Schoul gëtt et och Solarpanneauen, mee an deenen anere Schoulen, Aline Mayrisch, hu mir dat net gesinn zum Beispill."
D'Climate Youth Delegates wënsche sech och méi Méiglechkeete fir Jonker, fir sech anzebréngen. Am Virfeld vun der COP31 zu Antalya hu Votum Klima an d'Klima-Jugend-Delegéiert hir Fuerderunge verëffentlecht.