
D’Diskussioun iwwert en europäesche Mindestalter fir Social Media gëtt ëmmer méi grouss – mee d’CNEL warnt virun engem falsche Wee. An engem Avis, dee si e Mëttwoch de Mëtteg publizéiert huet, hält d’national Schülerkonferenz fest, datt d’Zil, Jonker besser ze schützen, zwar „legitim an néideg“ wier, mee datt e generellt Verbuet „net déi passend Äntwert op dës komplex Problematik duerstellt“.
D’CNEL erënnert drun, datt sozial Medie fir vill jonk Leit en integralen Deel vum Alldag sinn – fir Austausch, Kreativitéit a gesellschaftlech Participatioun. Gläichzäiteg géifen d’Risiken net ignoréiert ginn: vun exzessiver Notzung a Suchtverhalen iwwer mental Gesondheetsproblemer bis hin zu Cybermobbing, Desinformatioun an Dateschutzfroen. Am CNEL-Dokument heescht et, Algorithmen hätten d’Potenzial, „Opmierksamkeet geziilt [ze] maximiseieren“ an domat problematesch Notzungsmuster ze verstäerken.
Trotzdeem hält d’Schülerkonferenz wéineg vun enger Altersgrenz vu 16 Joer. Sou eng Moossnam géif an der Praxis engem Verbuet gläichkommen an d’Problemer net léisen: „Amplaz géifen d’Schwieregkeeten éischter an d’Zukunft verluecht ginn, ouni datt déi Jonk léieren, verantwortlech mat digitale Medien ëmzegoen“, schreift d’CNEL. Zousätzlech wiere streng Alterskontrollen technesch einfach ze ëmgoen, wat d’Effikassitéit a Fro stellt .
D’Schüler-Konferenz weist och op eng weider Onkloerheet hin: D’Grenzen tëscht sozialen Netzwierker, Informatiounsplattformen a Videodéngschter wieren „haut quasi non-existent“. Eng Reguléierung ouni kloer Definitioun géif riskéieren, praktesch Problemer an Onkloerheeten ze schafen.
Fuerderunge vun der CNEL
Fir déi Jonk wier net d’Verbidden, mee d’Kompetenzentwécklung entscheedend. Dofir formuléiert d’CNEL véier Haaptfuerderungen:
-Mediebildung am Schoulsystem verankeren: Jonker sollen Desinformatioun erkennen, Algorithme verstoen an hir Donnéeë schützen.
-Sensibiliséierung fir Elteren an Enseignanten: Erwuessener bräichten d’Mëttel, fir Jonker am digitale Raum ze begleeden.
-Méi staark Reguléierung vun de Plattformen: Politik soll géint manipulativ Design-Elementer virgoen an d’Responsabilitéit vun de Plattformen erhéijen.
-Realistesch Alters- a Schutzmoossnamen: Altersregulatiounen däerfen net zu engem “faktesche Social-Media-Verbuet” féieren; edukativ Mesurë missten dobäi sinn.
Zum Schluss bedauert d’CNEL „zudéifst“ d’Positioun vum Europaparlament, dat e Mindestalter vu 16 Joer ënnerstëtzt – eng Decisioun, déi de Problem just “weider fort dréckt” .
Ëm e méigleche Social-Media-Verbuet geet et och en Donneschdeg an der Emissioun “Kloertext” mam Caroline Mart, an där sech alles ëm d’Erausfuerderunge vun der Schoul dréit.