
De Plang géif Pisten abegräifen, déi den Ausstouss vun Emissiounen reduzéiere sollen, an Opportunitéite schafen, vun deenen d'Handwierksbetriber kéinte profitéieren, allerdéngs géif et nach u villen Detailer feelen, sou dass et den Ament nach schwiereg wier, dëst alles genee ze jugéieren.
Verschidde Mesurë wieren nämlech net favorabel fir d'Betriber, fir kompetitiv ze bleiwen, an hätten och e gréisseren Käschten-Impakt. Hei missten dofir Kompensatiounsmesuren hir, fir de finaziellen Impakt net ze grouss ginn ze loossen, elo, wou de Secteur souwisou schonns uerg duerch d'Corona-Pandemie gebeidelt gëtt, schreift d'Handwierker-Kummer.