ChamberCentre thermal zu Munneref soll renovéiert a vergréissert ginn

RTL Lëtzebuerg
De Centre thermal zu Munneref soll der Zäit ugepasst a méi accueillant ginn.
© Facebook / Domaine thermal

Dofir hunn en Donneschdeg de Mëtteg unanime d'Deputéiert an der Chamber-Plenière fir de Gesetzprojet gestëmmt, deen esou Aarbechte virgesäit. Well de Montant vun der Renovatioun, der Modernisatioun an dem Ëmbau iwwert 40 Milliounen Euro héich ass, huet ee Gesetz misste gestëmmt ginn.

Renovatioun Centre thermal Munneref / Rep. Nadine Gautier

Am Ganze wäert ee Käschten an Héicht vun 133,5 Milliounen Euro hunn. Déi ginn zu engem groussen Deel vum Fonds d'investissements publics sanitaires et sociaux virfinanzéiert an zu engem klengen Deel vum Fonds pour le financement des infrastructures hospitalières, esou de Rapporter vum Gesetzprojet de Carlo Back.

Zanter 1987 ass de Centre thermal een Etablissement public, zanterhier si keng grouss Aarbechten un de Gebaier gemaach ginn. Wéi de Carlo Back vun de Gréngen en Donneschdeg de Mëtteg weider erkläert huet, géif de Chantier an e puer Phase geschéien. Ënnert anerem gëtt ee Bâtiment annexe an enger éischter Phas gebaut, do wou déi oppe Schwämm war. Do sollen Thermal- a Gesondheetsaktivitéite dra weidergefouert ginn, wärend un deenen anere Gebaier geschafft gëtt. D'Schwämm fir d'Reeducatioun soll ëm 40 Quadratmeter vergréissert ginn.

Den Thermalzenter soll un déi haiteg Ufuerderungen ugepasst ginn, huet et geheescht. Net nëmmen, wat d'Energie, mä och, wat d'Hygiènesstandarden ugeet. D'Fluxe vun de Visiteuren an de Patiente sollen nei reorganiséiert ginn.

De Felix Eischen vun der CSV huet a senger kuerzer Interventioun zwar de Support vu senger Partei fir dëst Gesetz ënnerstrach, mä awer och ze bedenke ginn, datt 133 Milliounen Euro grad de Moment an der Corona-Kris, wou Betriber struewelen, vill Sue sinn. D'CSV wéilt dofir eng Ofweihung vun de Prioritéiten. Dorobber huet de Minister fir d'Travaux publics, de François Bausch, erkläert, datt nëmmen, well ee Finanzéierungsgesetz gestëmmt gëtt, dëst näischt iwwert d'Prioritéitelëscht ausseet. Och aner Deputéiert hunn éischter d'Plus Value vun dësen Aarbechten um Centre thermal ervirgehuewen. Duerch den Invest kéinten au contraire Lëtzebuerger Betriber ënnerstëtzt ginn, well se Aarbecht kriten.

Back to Top
CIM LOGO