Zéifloss am Feierowendtrafic méiglechCamion a Mauer op der A7 no der Offaart Colmer-Bierg gerannt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg ass um Schluss vun der A7 a Richtung Norden e Camion accidentéiert. Well d'Iwwerhuelspuer gespaart ass, kann et zu Zéifloss am Feierowendtrafic kommen.
Bei engem Accident op der A7 kuerz virun der Offaart Ettelbréck den 10. Mäerz 2026 ass e Camion an d'Mauer nieft der Iwwerhuelspuer gerannt.
Bei engem Accident op der A7 kuerz virun der Offaart Ettelbréck den 10. Mäerz 2026 ass e Camion an d’Mauer nieft der Iwwerhuelspuer gerannt.
© Mobile Reporter

Kuerz no 14 Auer en Dënschdeg koum et op der A7 tëscht der Sortie Colmer-Bierg an der Sortie Ettelbréck zu engem Accident. Wéi de CITA am Trafic-Info mellt, wieren zwee Gefierer am Coup an d’Iwwerhuelspuer blockéiert. Op enger Foto, déi RTL geschéckt krut, ass z’erkennen, datt e Camion an d’Mauer nieft der Iwwerhuelspuer gerannt ass. An hirem Bulletin vun en Dënschdeg de Mëtteg schreift de CGDIS, datt e Camion an en Auto anenee gerannt wieren. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vum Colmer-Bierg, vu Miersch a vum Zenter Nordstad.

Aktuell sinn d’Depanneusen op der Plaz, fir den Accident ze raumen.

De Verkéier geet zwar iwwer d’Pannespuer laanscht, ma et kann zu Zéifloss am Feierowendtrafic kommen.

Accidenter zu Bouneweg, op der Hëttermillen an zu Ettelbréck

Donieft mellt de CGDIS eng Kollisioun tëscht zwee Autoen op der Rocade zu Bouneweg kuerz no 12.30 Auer. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Stater Rettungsekippe waren um Asaz.

Op der Hëttermillen an der Wäistrooss huet et géint 13.35 Auer tëscht engem Bus an engem Auto gerabbelt. D’Ambulanciere vu Réimech an d’Pompjeeë vu Wuermer hu sech ëm den Accident an déi blesséiert Persoun gekëmmert.

Ee weidere Blesséierte gouf et kuerz no 16.35 Auer zu Ettelbréck, wéi an der Rue de la Gare e Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf. Och hei waren d’Rettungsdéngschter aus dem Zenter Nordstad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO