Stasi hat ronn 600 Dokumenter ofgefaangenBréiwer, déi aus der DDR u Radio Lëtzebuerg geschéckt goufen, nees opgedaucht

Roy Grotz
En eenzegaartegt Stéck däitsch-däitscher Zäitgeschicht kënnt zeréck: D’DDR-Staatssécherheet huet harmlose Courrier vun Nolauschterer ofgefaangen. E grousse Commemoratiouns- a Memoiresprojet ass fir Abrëll 2027 geplangt.

De Radio ass dee Medium, deen nach ëmmer zanter senger Kreatioun d'Grenzen iwwerwonnen, an de Leit e Stéck Expressiounsfräiheet ginn huet: an deem Kader ass elo en exzeptionellt Stéck Zäitgeschicht nees un d'Liicht komm: Am Kader vun historesche Recherchë goufen eng 600 Bréiwer, Postkaarten an Enveloppen erëmfonnt, déi viru méi wéi 40 Joer vu Leit aus der DDR u Radio Lëtzebuerg geschéckt gi waren, mee ni do ukomm sinn.

D'Bréiwer goufen nämlech vun de Beamte vun der DDR-Staatssécherheet (Stasi) systematesch ofgefaangen a confisquéiert.

Fir vill Mënschen an der DDR, virun allem am sougenannten "Dall vun den Anungslosen" ronderëm Dresden am haitege Bundesland Sachsen, wou westdäitsch Tëleeschaînë knapps z'empfänke waren, war Radio Lëtzebuerg eng Fënster, fir an déi fräi Welt ze kucken. D'däitsch Radiowelle mat Moderatore wéi Camillo Felgen a Frank Elstner hunn e Gefill vu Fräiheet, Liichtegkeet an Individualitéit an de beschwéierlechen Alldag an Ostdäitschland bruecht.

D'Dokumenter, déi no Recherchë vum Zäitzeie Michael Teupel opgetaucht sinn, weisen aus der Vue vu ganz normale Leit, wéi wichteg dëse Kontakt no bausse fir si war. Bei de Bréiwer, déi vun der Stasi ofgefaange goufen, handelt et sech ëm komplett onpolitesch Schrëftstécker: D'Auditeuren hunn hiert Wonschlidd genannt, fir d'Hitparad ofgestëmmt, no Autogrammadress vun hire Liblingsstare gefrot oder einfach fir de Programm Merci gesot.

"Dës Bréiwer maachen e Stéck DDR-Alldagsgeschicht nees erliefbar", erkläert de Curateur Michael Teupel, deen de Fong am Kader vun enger Manifestatioun auswäert. "Hannert all eenzelem Bréif steet e Mënsch, deen an engem Staat gelieft huet, an deem d'Medie staark kontrolléiert goufen. Dës Postkaarte weisen e ganz mënschleche Wonsch: deen un enger anerer Welt deelzehuelen an dobäi och selwer gehéiert ze ginn."

Wéi geféierlech de Kontakt mat westleche Radiosenderen an der DDR konnt sinn, weist och déi historesch Bedeitung vum Fong. E bekannte Fall aus der Lutherstad Eisleben am haitege Sachsen-Anhalt dokumentéiert, datt eleng ee Musekswonsch um Radio zu engem Verhéier duerch d’Stasi, zum Ausschloss vum Premièresexamen an esouguer zu Prisongsstrofe konnt féieren.

Wéi Radio Lëtzebuerg deemools vun esou Arrestatioune gewuer ginn ass, huet de Frank Elstner geroden, d'Nimm vun den DDR-Nolauschterer net méi ëffentlech um Radio ze nennen.

Elo, méi wéi véier Joerzéngte méi spéit, kommen déi ofgefaange Stëmmen zeréck op hir Destinatioun bei RTL Lëtzebuerg.

Fir den 13. Abrëll 2027 ass ënnert dem Titel "Verbuede Wellen – Radio Lëtzebuerg an der DDR" och eng Table-ronde an der City Bibliothéik an der Stad. Zesumme mat der Chercheuse Dr. Dominique Santana (Curatrice vun der Expo "Ghosts of the Villa") wäert de Michael Teupel e puer vun de Bréiwer, déi lo fonnt goufen, dem Public virstellen.


La folle aventure de Radio Luxembourg
Ses ondes ont rayonné sur l'Europe entière dès les années 30. Retour en images sur la station qui a fait la renommée du Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO