Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet zu New York dräi nei strategesch Partnerschafte fir d'Joren 2027 bis 2030 ënnerschriwwen. Dat mam OCHA, dem UN-Büro fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef, dem Welternärungsprogramm an dem UN-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR.
De Grand-Duché wëll domat ënner anerem d'Bekämpfung vum Honger, d'Protektioun vu Flüchtlinge souwéi d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef ënnerstëtzen, steet an engem Communiqué vun der Regierung.
D'Noutwendegkeet fir humanitär Hëllef hëlt ëmmer weider zou. Gläichzäiteg klammen awer och d'Gefore fir déi Leit, déi dës Hëllef leeschten. Der UNO no goufen zanter Ufank vum Joer weltwäit 82 humanitär Mataarbechter ëmbruecht, 97 blesséiert an 39 gekidnapped.
Zu New York fänkt en Dënschdeg d’Generaldebatt vun der UN-Vollversammlung un. Dofir gi sech an de nächsten Deeg eng 130 Staats- a Regierungscheffen erwaart. Den Optakt mécht en Dënschdeg de Moie Lokalzäit den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres.
Dono ass et um brasilianesche President Lula Da Silva, an dono direkt um US-President Trump, deem säin Optrëtt mat Spannung erwaart gëtt. Als 14. an der sougenannter "Morning session", ass et um Grand-Duc Guillaume, dee sech un d’Vollversammlung wäert adresséieren. Dat 14 Joer nodeems säin Papp de Grand-Duc Henri virun der Vollversammlung stoung.
A senger Ried wäert et drëms goen, fir d’Positiounen a Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché ze erklären, heescht et vum groussherzoglechen Haff. Aner Riedner um éischten Dag zu New York sinn ënnert anerem de franséische President Macron, den neie brittesche Premier Andy Burnham an de japanesche Premierministesch Takaichi Sanae.
En Dënschdeg gëtt sech ënnert anerem d'Ried vum US-President Donald Trump mat vill Spannung erwaart. D'USA si jo aktuell an den Iran-Krich verwéckelt, an och eng rezent Militäraktioun vum amerikanesche Militär a Venezuela hat fir international Kritik gesuergt.
Nieft senger Ried sti fir den Trump och eng Rei bilateral Reuniounen um Programm. Hie soll ënnert anerem den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gesinn an donieft soll den US-President en Dënschdeg nach een Ofkommes iwwer Grönland mat Dänemark a Grönland ënnerschreiwen.
D'UN selwer steet iwwerdeems virun enger schwiereger Finanzsituatioun. D'USA hunn zwar viru kuerzem 725 Milliounen Dollar iwwerwisen, mee Washington schëllegt de Vereenten Natiounen nach ëmmer méi wéi 1,3 Milliarden Dollar. Dofir goufen ënnert anerem bei UN-Missiounen a humanitäre Missiounen d'Ausgabe gekierzt an ongeféier all fënneft Aarbechtsplaz bei der UN ofgebaut.