SAMU war am AsazE Méindeg huet et am Feierowend-Trafic zwee mol gerabbelt - 3 Persoune verwonnt

Andy Brücker
Bei engem Accident zu Altwis mellt de CGDIS zwee Blesséierter, een zu Zowaasch.
© CGDIS

E Méindeg kuerz viru 17 Auer sinn zu Altwis an der Munnerefer Strooss en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Nieft de Pompjeeë vu Fréiseng an enger Ambulanz vu Réimech war och den Escher SAMU op d'Plaz geschéckt ginn. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Géint 18:30 Auer koum et tëscht Nidderkuer an Zowaasch zu engem Accident an dee just een Auto implizéiert war. D'Pompjeeë vu Péiteng an d'Escher Ambulanz waren am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO