
Et ass scho méi laang bekannt, ma zanter e Méindeg dann och ganz offiziell: Den Escher Schäfferot huet elo 3 nei Memberen. D‘Daliah Scholl vun der DP, d’Mandy Ragni vun déi Gréng an de Pascal Bermes der CSV iwwerhuelen d‘Poste vum DP-Mann Pim Knaff, dem Gréngen Meris Sehovic an dem André Zwally vun der CSV. Si goufen e Méindeg offiziell vum Inneminister vereedegt.