D’Villa Louvigny ass e Stéck Geschicht matten am Stater Park. Vun 1933 bis an d’90er Joren eran, war se d’Häerzstéck vu Radio Luxembourg – deem Radiosender, deen europawäit Generatioune gepräägt an d’Medien- a Musekslandschaft nohalteg verännert huet. Schonn zanter leschtem Mount kann een an der Villa Louvigny d’Expo “Ghosts of the Villa” entdecken, déi d’Geschicht vu Radio Luxembourg zum Liewen erwächt. An deem Gebai, wou alles ugefaangen huet, daucht een an eng Klangwelt aus Geschichten, Musek a perséinlechen Erënnerungen an.