
Nodeems schonn d'Spuerkeess am Mäerz eng Partie Agencen zougemaach huet, ass et elo un der BGL BNP Paribas.
An engem Schreiwes huet een en Donneschdeg matgedeelt, datt siwen Agencen zoumaachen: Beetebuerg, Clierf, Esch-Benelux, Jardins de Luxembourg, Fiels, Veianen a Waasserbëlleg. "Dës Agencen, déi wéinst dem Lockdown zougemaach gi waren, hätten zanterhier net méi opgemaach", sou d'Bank an engem Communiqué.
D'Personal aus dësen Agencen wäert hir Clienten an Zukunft - wéi et och schonn zanter Mäerz de Fall ass - iwwer aner Agencë betreien.
D'Bank géing sech domadder de verännerte Gewunnechte vun hire Clienten upassen.