Allerhellegen an AllerséilenBëschofsrot huet decidéiert, Griewerseenungen ofzesoen

RTL Lëtzebuerg
Vun där Annulatioun sinn och d'Griewerseenunge betraff, déi aus praktesche Grënn virun oder nom 1. an 2. November annoncéiert waren.
Bëschofsrot huet decidéiert, Griewerseenungen ofzesoen
Vun där Annulatioun sinn och d'Griewerseenunge betraff, déi aus praktesche Grënn virun oder nom 1. an 2. November annoncéiert waren.

All déi Geeschtlech ewéi Paschtéier an Diakone sinn opgeruff, all Kierfechter ronderëm Allerhellegen ze seenen, allerdéngs ouni Publikatioun vun den Auerzäiten an ouni Presenz vu Leit.

D'Pore ginn opgeruff, fir op Allerhellegen an op Allerséilen um 12.05 Auer d'Klacke wärend 5 Minutten ze lauden, als Zeeche vum Gedenken un all Verstuerwen an Affer vun der Corona-Pandemie.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich wäert op Allerséilen eng Mass fir déi Verstuerwen an der Kathedral halen.

Back to Top
CIM LOGO