Eng Mëschung aus Traditioun a Summer-Atmosphär
D’Zil ass dobäi kloer: d’Stad beliewen – fir Awunner, mee och fir déi vill Visiteuren aus dem Ausland. Ob traditionell Evenementer oder nei Initiativen: d’Haaptstad setzt op eng Kombinatioun aus Kultur, Gastronomie an Open-Air-Atmosphär. Klassiker wéi d’Éimaischen oder de Mäertche gehéieren och dëst Joer natierlech erëm zum Programm.
Fir de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt ass dat net nëmmen eng Fro vun Ënnerhalung, mee och eng bewosst Strategie: “Ob déi eng Manéier gi mer och vun de Commercë gefrot, fir ze hëllefen, fir d’Stad ze beliewen. Dat ass och wichteg fir de Commerce. A mir wëllen och weisen, datt een an der Stad vill Saache maache kann – ob dat elo an de Musée oder Theater goen ass, mee och am ‘Open air’. Mir hunn eng grouss a multikulturell Stad.”
Nieft de klasseschen Evenementer gëtt et och mam “Fréijoer op der Gëlle Fra” erëm Animatioune mat Gastronomie a Concerten. Och den 71 Meter héijen Aussiichtstuerm kënnt zeréck a bitt eng spektakulär Vue iwwer d’Haaptstad.
Evenementer als Motor fir den Tourismus
D’Evenementer spillen och eng zentral Roll fir den Tourismus. Si droen dozou bäi, datt Haaptstad iwwer d’Grenzen eraus attraktiv bleift.
D’Tania Bollendorf vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) ënnersträicht dësen Impakt: “Mir mierken dat natierlech. Souwuel an de Kasematten ewéi an eisem Accueil-Büro. Mir wäerten do Deeg kréien, wou mer wäit iwwer 1.000 Persounen an der Touristen-Informatioun kréien. Déi Evenementer hunn zum Deel eng iwwer-regional Ausstralungskraaft. Mir mierken, datt dowéinst och vill Leit aus der Groussregioun kommen.”
Besonnesch am Summer gëtt d’Stad zu enger grousser Bün: Concerten, Public viewing an Open-Air-Evenementer dominéieren dann d’Bild.
Summer-Highlights: Musek, Sport a Festivitéiten
Zu de grousse Momenter vum Summer gehéieren ënner anerem d’Fête de la musique, d’Feierlechkeete ronderëm den Nationalfeierdag an de City Sounds Festival. Do trëtt dëst Joer och déi international bekannt Band OneRepublic op.
An et gëtt och sportlech: Um Glacis gëtt d’Futtball-Weltmeeschterschaft – vun den Aachtelsfinallen un – am Public viewing iwwerdroen.
Fir de Patrick Goldschmidt ass dat alles en Deel vum Liewensgefill an der Stad: “D’Liewe besteet net nëmmen aus schaffe goen. Et besteet aus convivialem zesummeliewen a gutt Zäite mateneen ze verbréngen. A wa mer do als Stad eppes dozou kënne bäidroen, ëmsou besser.”
Iwwerbléck: Déi wichtegst Stater Evenementer 2026
Pride och elo an der Haaptstad
Ufanks Juli gëtt am Kader vun der “Pride Week” och eng Manifestatioun an der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Op Nofro hunn d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den éischte Schäffe Maurice Bauer dat e Mëttwoch confirméiert. Dobäi soll et e Parcours vun der Gare bis op de Knuedler ginn. Weider Detailer sollen an den nächste Wochen an Ofstëmmung mam Organisateur bekannt gemaach ginn.