Et muss ee wëssen, wou d’Limitte sinn a wou Grenzen iwwerschratt sinn. Remarken als Trainer iwwer d’Ausgesinn zum Beispill, dat géif net goen. Dat sot en Donneschdeg de Moien d’Barbara Agostino als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass DP-Deputéiert, mä war 2005 och déi éischt Kapitänin vun der Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalekipp a bezeechent sech selwer als “Fan Nummer 1". Mir hu mat hir iwwer d’Affär Dan Santos geschwat. D’FLF huet virun zwou Wochen den deemolegen Trainer vun de Roude Léiwinnen entlooss wéinst “onpassende” Messagen u verschidde Spillerinnen.
D’Barbara Agostino huet vun eegenen Erfarungen erzielt vu fréier, vu Saachen, déi u sech net ginn. Beispillsweis wann den Trainer carrement bei d’Dammen an d’Dusch komm ass. Deemools hätt ee sech opgereegt an et wär erleedegt gewiescht.
Remarken iwwer d’Ausgesinn, dat géif haut net méi goen. Wann et sou Messagen och schonn an de Jore virdru gouf, hätt och deemools schonn eppes misse gesot ginn. Den Dan Santos géif awer och vläicht e bëssen d’Follgen no der Affär Gerson Rodrigues droen, wou ze laang näischt geschitt ass. Iwwer d’Aart a Weis vun der Entloossung kéint een diskutéieren. Mä bei esou Messagen hätt d’FLF misse reagéieren.
Déi fréier Kapitänin vun de Roude Léiwinnen huet awer och de sportlechen Engagement vum Dan Santos ervirgehuewen. Wann d’Dammen elo an der B-Liga kéinte spillen, wär dat och Dank him an deem ganze Staff ronderëm.
D’Barbara Agostino ass och Patronne. An der Vergaangenheet huet si 24 Crèchë geréiert. Wéi steet si och als DP-Deputéiert zum Mindestloun? Et misst ee realistesch sinn, seet d’Politikerin a Foraine, vun engem Mindestloun kéint ee ganz schwéier liewen. De Mindestloun zu Lëtzebuerg wär u sech ganz gutt, wa mer de Logementsproblem net hätten. Aktuell kritt een als Mindestloun 2.704 Euro, de qualifizéierte Mindestloun sinn 20 % méi. Vill aner Leit, déi méi verdéngen, hätten awer och Problemer. Wann een haut als Jonke finanziell näischt vun doheem géif mat op de Wee kréien, wär et e Problem, ob Mindestloun oder net Mindestloun.
D’DP-Deputéiert wëll d’Problemer net schwaarz-wäiss gesinn.
Wann d’Gewerkschafte wéilten iwwer de Mindestloun diskutéieren, géif si als Patronne och gären den Absenteismus thematiséieren. Si géif hei net vun deene Leit schwätzen, déi richteg krank sinn. Ëm déi géif et net goen, mä ëm den abusiven Absenteismus, wa Leit vum System profitéieren, huet déi liberal Süd-Deputéiert präziséiert.
En Donneschdeg de Moie war ënnert anerem d’Ethik am Sport Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Liest dozou och dës Artikelen:
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.