En Auto an e Camion sinn hei aneneegerannt, den Auto ass doropshin eng 30 Meter weider geschleidert ginn. Trotz Totalschued gouf den Automobilist nëmme liicht blesséiert an ass fir eng Kontroll an d’Spidol komm, genee wéi och de Chauffer vum Camion. D’N13, op där den Accident geschitt ass, war zäitweis gespaart. Géint 11.15 Auer gouf se awer nees fir den Trafic opgemaach.
Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, waren d’Ambulanciere vu Beetebuerg a Keel, grad ewéi och d’Pompjeeë vu Fréiseng op der Plaz.
E weideren Accident gouf et da géint 6.40 Auer en Donneschdegmoien. Eng Persoun gouf blesséiert, wéi sech zu Beggen zwee Autoen ze pake kruten. D’Pompjeeën an d’Ambulancieren aus der Stad goufen hei an den Asaz geruff.