
E Sonndeg den Owend kuerz no 19.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech e Gefier um CR370 bei Hierber iwwerschloen hat.
E Feier gouf et géint 22.15 Auer an der Haaptstrooss zu Aasselbuer. Do stoungen eng Camionnette an en Auto aus bis ewell nach onbekannte Grënn a Flamen. D'Pompjeeë vu Wëntger, Klierf, d'Ambulanz vun Ëlwen an d'Police waren op der Plaz. Kengem ass eppes geschitt, ma de Materialschued ass grouss. Ermëttlunge gi lancéiert.