Vott iwwer neie Référentiel beim CGDIS verluechtSAMU-Dokteren: Sträit ëm Kompetenzen - a vill Suen?

Céline Eischen
D'Organisatioun an de Fonctionnement beim SAMU sollen ugepasst ginn: Déi gréissten Ännerung ass, datt an Zukunft och Doktere mat der Spezialisatioun vum Urgentist matfuere kënnen.
© Jeannot Ries

Fir de SAMU sollen also net méi just exklusiv Doktere mat der Anästhesie-a Reanimatioun-Spezialisatioun zoustänneg sinn. D'Anästhesiste si kloer dogéint, mam Argument, datt d'Qualitéit vum Service géif ofhuelen. De legale Kader géif esou eng Ännerung dann och net zouloossen. Hannert de Kulissen héiert een awer och, datt et virun allem déi lukrativ Bezuelung wier, déi d'Anästhesisten dovunner ofhale géif, de Kuch deelen ze wëllen.

En Donneschdeg sollt iwwer den neie Référentiel am Verwaltungsrot ofgestëmmt ginn. Wéinst de juristesche Bedenken huet de Verwaltungsrot awer decidéiert, de Vott vum Ordre du jour ze huelen an op e spéideren Datum ze verleeën.

Wat war geschitt?

Dës Fuerderung vun den Urgentisten hat RTL scho virun e puer Méint thematiséiert: Bis elo dierfe just Dokteren an Infirmiere mat der Anästhesie- a Reanimatioun-Spezialisatioun matfueren. Et wier d'Routine vun den Dokteren an Infirmiere mat genee dëser Spezialisatioun, déi den Anästhesisten no déi bescht-méiglechst Prise en charge vun de Patienten dobausse géif garantéieren, esou den Dr. Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anesthesistes-Réanimateurs, virun e puer Méint bei eis am Interview. Un dëse Binôme dierft een net fréckele goen, dat géif der Qualitéit vum Service schueden. Et géif och keng Penurie un Anästhesiste ginn, deemno wier kee Besoin do, de SAMU fir aner Dokteren opzemaachen.

Anescht gesinn dat d'Urgentisten: Fir si ass de SAMU Deel vum Beruff, dee si gewielt hätten, esou d'Urgentistin Dr Anne-Sophie Ries. D'Spezialisatioun vum Urgentiste hätt sech an de leschte Joren entwéckelt an et hätt een déi néideg Qualifikatiounen, fir um SAMU matzefueren. Dofir dierft een dat jo och am Ausland maachen. Wéinst de Restriktioune fir d'Urgentiste géifen der och vill net wëllen zu Lëtzebuerg schaffen.

Liest dozou och hei:

Wat fuerderen d'Urgentisten?

An engem Bréif un de Verwaltungsrot vum CGDIS fuerderen d'Urgentiste wéi gesot, datt si mat hirer Spezialisatioun fir de SAMU schaffe kënnen. D'Medezin hätt sech an de leschte Jore weiderentwéckelt: Den Urgentiste wier eng Spezialisatioun, déi eng 4 bis 6 Joer laang Formatioun verlaangt. Et wier eng relativ nei Spezialisatioun, mee se wier mëttlerweil international unerkannt. A spezielle Stagen a Formatioune géifen d'Dokteren hei déi richteg Handgrëffer an Traitementer léieren, déi eben och baussent dem Spidol mussen agesat ginn. Och am Ausland dierften Urgentisten dowéinst um SAMU matfueren. A Frankräich an an der Belsch dogéint géifen Anästhesisten a Reanimateuren net méi déi néideg Formatiounen an der Katastrophe-Medezin kréien. Dat wier awer besonnesch wichteg, well baussent dem Spidol komplex Traitementer oder och liewenserhalend Handgrëffer a schwierege Konditioune verlaangt ginn. D'Exklusivitéit fir d'Anesthesistes-Reanimateure fir de SAMU bäi ze behalen, wier den Urgentisten no dowéinst net méi zäitgeméiss.

Firwat sinn d'Anästhesisten dogéint?

D'Anästhesiste sinn dogéint an éischter Linn, wéi si soen, fir déi héich Qualitéit vum SAMU ze erhalen. Déi liewenserhalend Mesurë wieren Deel vun hiren alldeeglechen Aufgaben. Wéi de President vum Cercle vun den Anästhesisten, den Dr Philippe Welter, am RTL-Interview virun a puer Méint erkläert huet, wier et de Binôme tëschent Anästhesist an Infirmier-Anästhesist, dee "besser géif funktionéiere wéi eng Hochzäit".

Nieft dem Argument vu Qualitéit hunn d'Anästhesisten awer virun allem och legal Bedenke fir de SAMU fir Urgentisten opzemaachen. An engem Avis juridique, deen RTL virläit an am Optrag vum Cercle vun den Anästhesisten un de Verwaltungsrot vum CGDIS gaangen ass, geet ënnert anerem ervir, datt d'Akte vun engem Infirmier-Anesthesiste just ënnert der Autoritéit a Präsenz vun engem Dokter mat dëser Spezialisatioun kënnen duerchgefouert ginn. Ouni dësen Dokter wieren dës Akten also illegal. Och een Dokter kéint penal ugesicht ginn, wann a senger SAMU-Ekipp een Infirmier ouni d'Spezialisatioun vum Anesthesiste-Reanimateur gewëssen Akte géif duerchféieren. Rieds ass hei esouguer vun Homicide involontaire.

Den Avis juridique geet awer nach méi wäit a gëtt esouguer ze bedenken, datt d'Membere vum Verwaltungsrot sech potenziell och kéinten als Kompliz mat schëlleg maachen, wann de Référentiel esou géif ugeholl ginn.

Si Suen och een Argument?

Wéi hannert de Kulissen ze héieren ass, wier och déi lukrativ Bezuelung vun den Anesthesistes-Reanimateurs beim SAMU een Argument, wat si géif dovunner ofhalen, de Kuch deelen ze wëllen. Den Dr Welter géif dat Argument verstoen, huet awer am Interview virun e puer Méint och op déi "komfortabel Tarifstruktur" vun den Urgentisten higewisen. Hei géif also keen dem aneren eppes ewechhuelen.

Effektiv haten RTL-Recherchë virun e puer Méint erginn, datt SAMU-Schichten extrem lukrativ sinn: D'Bezuelung pro Schicht hänkt dovun of, wéi laang dës dauert, wéi vill Asätz gefuer ginn, an och zu wéi enger Auerzäit respektiv op wéi engen Deeg geschafft gëtt. Als Beispill kéint een eng Schicht vun 12 Stonnen huelen. Dat sinn 1.454,88 Euro reng fir d'Disponibilitéit. Eisen Informatiounen no huet een Dokter op esou enger Schicht an der Moyenne tëscht 3 a 5 Asätz. Wann een also vu 4 Asätz ausgeet, wier een op ronn 800 Euro. Op enger 12-Stonne-Schicht mat 4 Asätz géif een Dokter also ronn 2.250 Euro verdéngen. Net mat agerechent sinn extra medezinesch Akten, Supplementen, oder Krankentransporter.

Bei Nuets-, Sonndes- a Feierdeeg-Stonne ginn d'Akten duebel verrechent, op dëse Schichte kann een da schonn emol op Bezuelunge vun iwwer 5.000 Euro kommen.
Op Nofro hin huet d'CNS eis matgedeelt, datt de Fonctionnement vum SAMU am Joer 2024 d'CNS ronn 3 Milliounen Euro kascht hätt.

Fannt hei eis Recherche vun deemools:

Back to Top
CIM LOGO