
Et gëtt Unzeechen, dass d'Versuergung mat Kerosin kéint knapp ginn. Verschidden Airlinë sträiche scho Flich. Och d'Hotelspräisser ginn zum Deel an d'Luucht. Wei gesäit et an der Reesbranche hei am Land aus: Sinn d'Leit méi retizent fir ze buchen?
Op engem Donneschdegmoien ass et éischter roueg an enger Reesagence. Eng Cliente seet, si wier fir d’éischte Kéier an enger Agence. Net prioritär, well dat hir Sécherheet gëtt, mee och. Suerge mécht si sech keng, well wann eng Annulatioun wier, géing ee mat der Agence schonn eng Léisung fannen, seet si.
Ëmbuchen oder annuléieren géinge virun allem déi Leit, déi an d'Golfregioun reese wollten, erkläert de Francesco Mastropietro, Manager vun der Reesagence. Wien awer elo bucht, géing éischter eng Assurance virgesinn. An d'Rees allgemeng och upassen.

Fir d’Leit, déi mir an engem Shoppingzenter untreffen, ass den Auto dann eng gutt Alternativ fir dëse Summer. Oder méi spontan buchen, wéi eng Fra seet.
Mam Auto ëmgeet een effektiv de Problem vum Kerosin-Manktem. Mee wat ass, wann een awer fléie wëll: wéi sécher kann ee sech den Ament sinn, dass de Fliger, deen ee gebucht huet, och wierklech flitt? Dat géing vun de Fluchgesellschaften ofhänken, esou de Francesco Mastropietro. Den Office Manager erënnert nach dorunner, dass d'Airlines am Fall vun enger Annulatioun responsabel si fir d'Ëmbuchung. Huet een iwwert eng Reesagence gebucht, gëtt sech hei ëm déi beschten Alternativ beméit. Wat de Präis ugeet, bräicht een sech keng Suergen ze maachen. Och wann de Brennstoffpräis klëmmt, kéint net de Präis vun der Vakanz, déi ee scho gebucht huet, méi deier ginn.
D'Leit wieren awer méi virsiichteg a géinge méi Froe stellen, bemierken d'Beroder aus der Agence.
Am Interview erkläert de President vun der Federatioun vun de Reesagencen, datt d’Leit trotz de ville Krisen an der Welt nach ëmmer Loscht hunn ze reesen. D’Nofro fir Summer- a Wantervakanz bleift staark, och wa verschidde Destinatiounen am Noen Osten wéinst dem Iran-Krich ewechgefall sinn. Dovunner profitéiere virun allem europäesch Klassiker wéi Spuenien, Italien, Frankräich a Griicheland. Allerdéngs sinn d’Präisser an d’Luucht gaangen, wéinst héijen Energie-, Liewensmëttel- a Personalkäschten.
Angscht viru Kerosenmangel a méigleche Fluchannulatioune besteet, mee de Secteur geet dovun aus, datt déi meescht Flich am Summer duerchgefouert ginn. Méi riskéiert si virun allem onrentabel Kuerzstrecken. Reesender, déi iwwer Reesbüroe buchen, si besser ofgeséchert, besonnesch bei Reeswarnungen oder Annulatiounen. Wie selwer online bucht, dréit méi Risiko. Fluchpräisser, virun allem Richtung Asien, si geklommen, well wichteg Transitdestinatioune wéi Dubai net verfügbar sinn. Gläichzäiteg hu Reesen an d’USA u Beléiftheet verluer, ginn awer deelweis duerch Kanada an Asien kompenséiert.
Am Trend leien och Croisièren an Destinatiounen am Norden, wéi Norwegen an Island, well dës als méi stabil gëllen. D’Recommandatioun vum Expert: net ze laang waarden an am beschten iwwer e Reesbüro buchen, fir gutt Berodung a méi Sécherheet ze hunn.